Scoutsziedel bis den 14.März 2009

Fir all d’Wellefcher:
Léif Wëllef,
Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Hei sin nach e puer Virukennegungen: Den 28. an 29. März hu mir e W.E. De Wëllefchersrally ass den 5. Juli. Eise Camp ass vum 18. bis den 25. Juli.
Claire, Alex,Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Salut dir Réimer a Gallier. Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg, wéi dir wësst starten mir eis nei Entreprise.
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Salut alleguer,
Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Lukas,Yannick , Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Salut alleguer,
Den 7. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. an 15 März hu mir e W.E.
Départ ass Samschdes moies um 9.26 zu Péiteng op der Gare, zeréck si mer Sonndes owes géint 18.00. Umëldung ass nët néideg. Paakt alles an wat een sou brauch fir e Weekend plus Ravi fir zwee Deeg an är Kachmaschinn. De Weekend kascht wahrscheinlech näischt, hut awer e puer Sou an der Tësch, ët wees ee jo ni.
Mym,Joel, David an Lex
Fir all d’Matarbechter:
Déi nächst Pobeiersammlung ass den 21.März

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top