Vun Nord bis Süd – E Fotovirtrag vum Olivier Kerschen

Infoziedel Ufank Juli 2018

Fir Iech all :

Mir invitéieren eis Memberen, Elteren a Frënn op de Virtrag “Vun Nord bis Süd”, de Samschden 30. Juni um 16 Auer zu Péiteng: Den Oli Kerschen gouf fir e Joer zum Weltebummler. Zréck op Lëtzebuerg koum hien elo mat ville fantastesche Geschichten an eenzegaartege Biller am Gepäck. Jiddereen deen interesséiert ass soll sech bis den 28.06 beim Claire (621 68 39 99) umellen.

Vun Nord bis Süd – E Fotovirtrag vum Olivier Kerschen

Fir d’Biber :

Den Samschden 30. 06 ass di läscht Versammlung fir dëst Scoutsjoer a virum Camp! Kommt also wie gewinnt vun 14-16h op de Prenzebierg. Duerno kennt dir an är Elteren nach gäre bleiwe fir dem Oli Kerschen nozelauschteren. Den Samschden 7. Juli ass den BiberMud 2018 um Neihaischen ( 1, rue Principale, L-5290, Neihaischen). Dat ganzt geet vun 11h bis 17h , mee dir hutt Iech jo schonn ugemellt a krut di néideg Infoen.

De Camp ass wie scho’s annoncéiert vum 20.07 bis den 23.07 zu Roeser (44 Grand-rue, L3394 , Roeser). De Rendezvous ass den 20.07 um 15:00 op der Gare zu Péiteng mam Foulard! vun do aus huele mir d’Kanner mam Auto mat. Den 23.07 sollen d’Elteren da fir 14:30 op Roeser komme wou si mat enger klenger Erfrëschung erwaart ginn. De Camp kascht 80€ (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp ginn, da bezilt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner). Mëllt Iech w.e.g. beim Anna (621754360) UN oder Of! Eng detailléiert Lescht wat dir alles sollt fir de Camping apake kennt am nächsten Ziedel.

Fir d’Wëllef :

Di nächst 2 Versammlungen dréinen sech ëmmer méi em de Summercamp zu Iechternach. #India. Mir treffen eis dofir wei gewinnt den 30.06 an de 07.07 vu 14h00 bis 16h00 zu Péiteng um Prenzenbierg. Den 30.07 kennt dier an är Elteren no der Versammlung gäre bleiwe fir dem Oli Kerschen säi Virtrag ze gesinn . Den 07.07 komme mir Chef och no der Versammlung mat Iech de Bierg erof bis bei de Parking fir mat ären Elteren ze schwätze wann si nach Froen iwwert de Camping hunn. Dir sollt iech och scho beim Alex (691 177 773) fir den Camping umellen. Eng ausféierlech Lescht mat Material an dem Preis fir de Camping kennt nach no. 

Fir d’Avex :

 Samschdes, den 30.06 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 wou mer eis weider op de Camp virbereeden. Bréngt dofir en grousse Scoutsrucksack, Carrymate, Schlofsak a Biergschong mat. Samschdes, de 7.07 übe mir an der Versammlung vun 14:00-16:00 wie een Kniet richteg mécht.

Fir d’Carapio :
De Samschden 30. Juni an 7. Juli ass all Kéier normal Versammlung vu 14-16 Auer. Den 30. Juni ass och de Fotovirtrag vum Olivier Kerschen, kuckt dofir bei “Fir iech all”.
Bréngt den 30. Juni d’Dokumenter fir de Camp mat déi um leschten Ziedel stounge, wann der dat net scho gemaach hutt. Mir brauchen och Iddie fir Rezepter déi mer an Estland kache kënnen – fir Inspiratioun kuckt d’Rezepter vum Schwede Wandercamp: http://lgspeiteng.lu/7420

Rappel: Den 29. Juni ass et Zäit fir de leschte Virement: 100€, Mentioun “Estland 4 [Numm vum CaraPio]” Eise Konto ass: LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Matarbechter, a Chef:

Samschdes de 7. Juli: Pabeiersammlung. R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng op dem ale Site vun der Ecosider!

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top