Infoziedel Enn September 2018

Fir iech alleguer:

Samschdes den 29. September: Scouts-Mass um Prënzebierg fir d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguer, är Elteren, Geschwëster, Grousselteren,… sidd häerzlech invitéiert op den Prënzebierg bei d’Kapell ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren.  D‘Mass fänkt um 15:00 Auer un. Duerno gëtt d’Méiglechkeet bei engem Patt nach gemittlech zesummen ze sin.

Samschdes an Sonndes de 27 an 28 Oktober: Gruppe-Montéésweekend zu Klierf

Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Dëst ass eng wichteg Etapp am Liewe vun all Scout/Guide an duerfir mëscht de ganze Grupp en Weekend fir dat ze feieren. Wichteg: Wëll mir fir d’Organisatioun wësse musse wéivil Leit matginn, brauche mer d‘Umeldungen sou schnell wie méiglech! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) un (och Chef an RaRo). De Weekend kascht 20€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 15 € fir all weider Geschwëster. Ӓrt Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwise sinn! D’Iwwerweisunge kennt der bis den 14 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou d’Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweise wëll soss gëtt et en grousse Chaos. Weider Detailer kommen och nach am nächsten Infobréif.

Fir all d’Biber:

Dier léif Biber, mir gesinn äis de Samschden 29 September um 14:00 Auer um Prenzebierg. Ӓer Elteren sinn agelueden um 15h och erop op de Bierg ze kommen a mat eis zesummen eis Scouts-Mass ze feieren (an duerno natierlech en Patt ze drénken). De Samschden 6 Oktober hunn mir eng normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prënzebierg am Chalet. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“ fir de Montées-Weekend.

Fir all d’Wëllefcher:
Dier léif Wëllefcher, kommt de Samschden 29 September um 14h op de Prënzebierg. Ӓer Elteren sinn agelueden um 15h och erop op de Bierg ze kommen a mat eis zesummen eis Scouts-Mass ze feieren (an duerno natierlech en Patt ze drénken). Déi nächst Versammlung , de 6 Oktober ass wéi gewinnt vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prënzebierg. Fir déi 2 Versammlunge gëllt: Bréngt alleguer souvill wéi méiglech Frënn/dinne mat, et mëscht méi Spaass wann si och derbäi si. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 29.09 hunn mer Versammlung mat Scouts-Mass vun 14:00 bis ongeféier 16:00 (et ka bëssche méi spéit ginn). De Samschden drop, de 6 Oktober , ass wéi gewinnt Versammlung vu 14h-16h. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’CaraPio:

Mir hunn de Samschden 29 September um 14:00 Auer Versammlung mat Scouts-Mass. De Samschden 6 Oktober hunn mer eng normal Versammlung vu 14-16 Auer wou mir wieder un eisem Insektenhotel schaffen. Denkt w.e.g. drun iech den Dag virdru bei engem Chef of ze melle wann der net kënnt kommen. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

De Samschden 29 September hëllefe mer bei der Scoutsmass an dem Patt duerno. Rdv um 15h um Prënzebierg. Den 6 Oktober hunn mer eng normal Versammlung vun 16:15-17:15.  Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“ (a mëllt iech fir de Montées-WE un!).

Fir all d’Albatrossen:  

Mëttlerweil hunn mir eis Versammlung op de leschte Freiden am Mount gesat. Dowéinst haalt Iech den 26ten Oktober fräi fir eng Versammlung um 20 Auer. Genausou fir dësen Datum: Eisen RaRo/Alba-Montées-WE ass den 2-3 November.

Fir all d’Chef:  

Den 3. Oktober ass Grupperot um 20:00 am Avexsall.  

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top