Infoziedel Mëtt Oktober 2018

Fir iech alleguer:

Samschdes a Sonndes den 27 an 28 Oktober: Gruppe-Montéésweekend zu Klierf

Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Fir déi di sech nach net ugemellt hunn: et ass nach net ze spéit! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) un (och Chef a RaRo). De Weekend kascht 20€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 15 € fir all weider Geschwëster. Ӓrt Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwisen sinn. D’Iwwerweisunge kennt der bis den 14 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen.

Et ass geplangt dat mer zesumme mam Zuch op Klierf fueren, wëll awer d’Horairë vun den Zich nach deemnächst änneren, kënne mer nach keng Detailer soen. Soubal mer Bescheed wësse kënnt nach en Infoziedel reng iwwert Montée eraus.

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, de Samschden 13.Oktober an de Samschden 20.Oktober hunn mir vu 14h bis 16h Versammlung um Prënzenbierg. Huelt fir den 13.Oktober en wäissen alen T-shirt mat, deen dir faarweg mole kennt… Wéi mir dat maachen ? Dat gesitt dier an der Versammlung :). Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:
Dier léif Wëllefcher, esou laang d’Wieder nach matspillt maache mir nach vill Spiller dobaussen. Kommt duerfir den 13. Oktober an den 20. Oktober allkéiers vu 14-16 Auer op de Prënzenbierg. Ditt Iech natierlech dem Wieder no un. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes, den 13.10 an den 20.10 hunn mer Versammlung vu 14:00-16:00. Mir fuere mat eiser Expeditioun “Survival” virun. Denkt och drun iech nach fir d’Montée unzemellen.

Fir all d’CaraPio:

Mir hunn de Samschden 13 Oktober moies Pabeiersammlung, Rdv wie gewinnt um 8:30 op dem ale Site vun  der Eucosider, nomëttes ass da Versammlung vun 14:00-16:00 Auer. De Samschden 20 Oktober hunn mer eng normal Versammlung vu 14:00 bis 16:00. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

De Samschden 13. Oktober hunn mer moies Pabeiersammlung, nomëttes ass keng Versammlung. De Samschden drop, den 20.Oktober ass Versammlung vu 16:15-18.15, wou mer eis Gedanken iwwert d‘RaRo/Alba-Montée maachen. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’Carapio,RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 13. Oktober ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un 🙂 MERCI

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top