PROGRAMM VUN DER GUILDE: NOVEMBER-DEZEMBER 2018

Son. 4.11: Sortie op Bartreng – Stroossen

Rendez-vous 1: 9:30h hannert „Rousen“. Mat Privat-Autoen op Bartreng (bei der Umeldung uginn wee fuere kann a wéivill Plazen hien nach fräi huet).

Rdv. 2: 10:00h Parking „Belle Etoile“. Trëppeltour vu 6,6 km

Rdv. 3: 12:00h . Mëttegiessen am Restaurant Sapori (beim Waassertuerm um Tossebierg, vis-à-vis vun der „Belle-Etoile“)

Iessen à la carte

Rdv. 4: 14:30h Sportshal an der rue de Reckenthal.

Aféierung an d’Bouschéissen, Theorie a Praxis, ënnert der Uleedung vum „Tir à l’Arc Guillaume Tell“ vu Stroossen.

Duerno e Patt drénken an der Buvette als Ofschloss.

UMELDUNG beim Roby, 691 300 295 oder guirschrob@gmail.com bis Mëtw. 31.10.18 inclu

Et kann ee sech fir alles oder och eenzel Programmpunkten umellen

Frei. 9.11.: Nationale Guildendag

Rendez-vous: 9:15h bei der Matrasse-Fabrik Stoll am Zare Ouest,  L-4384 Ehlerange.

Visite vun der Fabrik. Aperitif offréiert vun der Firma.

12:30h: Mëttegiessen am Restaurant Klensch, 1A, rue de Reckange, L-3943 Monnerech

Duerno: kuerz statutaresch Generalversammlung.

UMELDUNG beim Carlo, 50 21 03 oder peiffer4@pt.lu bis Don. 1.11.18 inclu

Sam. 10.11.: Pabeiersammlung

Rendez-vous: 8:30h um fréiere Site Eucosider. All Hëllef gëtt dréngend gebraucht.

Dën. 13.11.: Keelenowend am Café Müller zu Lampech. Uspill um 20:00h

Sam. 17.11.: Uucht mat Filmvirféierung um 19:30h am Chalet um Bierg

Gewise gëtt de Filmd „Heemwéi – Eng Oysee“ vum Sacha Bachim. Duerno Diskussioun mam Realisateur iwwer d’Thematik vum Film.

Méin. 26. – Frei. 30.11.: Bastele vun Adventsdekoratiounen all Owend am Chalet um Bierg. Leit déi Adventskränz kënne wickele ginn dringend gebraucht.

Sam/Son. 1./2..12. Niklosmaart virum Stadhaus, wou mir eis Dekoratioune verkafen.

Sam. 18.12.: Pabeiersammlung

Rendez-vous: 8:30h um fréiere Site Eucosider. All Hëllef gëtt dréngend gebraucht.

Dën. 11.12.: Keelenowend mat Choucroute garnie am Café Müller zu Lampech.

Ufank schonn um 19:00h

UMELDUNG beim Carlo, 50 21 03 oder peiffer4@pt.lu bis Frei. 7.12.18 um 12:00h

Méin. 17.12.: Comité um 20:00h am Home

Sam. 22.12.: Friddensliichtfeier no der Owesmass an der Kierch.

D’Guiden a Scouten verdeelen d‘Friddenliicht vu Betlehem

19:00h: Chrëschtveillée am Chalet um Prënzebierg.

Duerno: Träipeniessen, wéi all Joer ( fir Vegetarier ass eng Alternative virgesinn, bei der Umeldung uginn wegl.).

UMELDUNG (op Wonsch vum Metzler) beim Martine, Tel 50 32 71, Mail jschlott@pt.lu bis den 15.12.18

Persounen, déi Problemer hu fir op de Bierg ze kommen, sollen dat bei der Umeldung uginn. Mir organiséieren den Transport.

7.06 – 10.06. 2019 Kandersteg:

D’Guilde organiséiert, de Päischtweekend 2019, eng Sortie op Kandersteg an der Schwäiz. Transfert mat Privat-Autoen. Hallefpensioun am Berghotel Oeschinensee

Hei de provisoresche Programm:

Freides 7.06.: 9:00h Transfert op Kandersteg. Ariichten am Hotel

Sam./Sonn. 8./9..06: Aktivitéiten an der Biergwelt (Wanderen, Boot fueren, Relaxéieren asw.)

Méin. 10.06.: Visite vu Luzern an Transfert op Lëtzebuerg

Riichtpräis (zum aktuellen Zäitpunkt) : 330 CHF (290 €) / Kapp mat Hallefpensioun am 2-Bett-Zëmmer, ouni Transfertkäschten.

Den Hotel läit um Oeschinensee op 1600 Meter Héicht. En ass NET mam Privatauto z‘erreechen. Et kënnt een dohi vu Kandersteg aus mat der Gondelbunn an dann mat dem Elektro-Mobil. Den Auto kann ënne bei der Gondel-Statioun geparkt ginn. Dat Ganzt natierlech „gegen Gebühr“. An der Schwäiz gëtt et näischt fir näischt.

Et gëtt och d‘Méiglechkeet fir den Ausfluch ëm eng Nuecht ze verlängeren an zwar zu Luzern am B&B Bettstatt, Neustadtstrasse 10. (zentral geleeën), fir ronn 105 € / Kapp mat Frühstück ( http://www.bettstatt.ch/ )

Intressente solle sech umelle bis den 1.12.18 beim Marco Quintus, Tel. 39 76 02 oder GSM 621 346 812, wou dir och nach aner Renseignementer kënnt gewuer ginn.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top