Infoziedel Nikloosmaart 2018

Fir Iech alleguer :

1)     Niklosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart. Mir sinn den 1 an den 2 Dezember op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen. Mir freeën eis op äre Besuch! Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafen, duerfir  bestellt  séier e Kranz per Telefon beim Anna Monaco (621 754 360) fir och sécher een ze kréien. Kuckt dofir an der Annexe.

2)     Rappel : Cotisatiounen

Duerch d’bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt eng Zäitschreft geschéckt. Fir déi di et nach net gemaach hunn, iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15€ fir dat eelst Kand an 12€fir déi aner Kanner op eise Konto. P.S. D’Mataarbechter a Chef brauche kee Beitrag ze bezuelen, de Grupp mécht dat fir si.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Fir d’Biber :

Hallo dir léif Biber, de 24.11 hunn mir Versammlung vu 14h bis 16h um Prënzenbierg. Den 2.12 ass leider keng Versammlung well mir um Niklosmaart zu Péiteng sinn. Mee kommt roueg mat äeren Eltere luussen! Den 8.12 ass dann nees normal Versammlung vu 14h bis 16h um Prënzenbierg.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllef, den 24. November ass déi 3.Versammlung vun eisem Croods Komet. Do bastelen mir eis Keule fäerdeg. Ausserdeem huet eisen Seismograph eng verstäerkt Aktivitéit um Prënzenbierg festgestallt.  Deier Saach missten mir nogoen. Den 01. Dez ass Nikloosmaart do ass keng Versammlung. Dir kennt awer geär laanscht kommen. Den 08. Dezember hunn mir den Ofschloss vun eiser 4 wöcheger Aventure. Do hunn mir verlängert Versammlung vun 14h00 bis 17h00. An ween weess, vleit kucken mir een passenden Film. Cheesenachos kéint et och nach ginn.

Fir d’Avex :

Samschdes, de 24.11 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 wou mer weider mat eiser Expeditioun “Harry Potter” fueren. Samschdes, den 1.12 ass keng Versammlung, well do ass Niklosmaart zu Péiteng. Kommt op alle Fall laanscht bei de Stand vun de Péitenger Guiden a Scouten. Samschdes, den 8.12 ass dann eis nächst Harry Potter Versammlung vu 14:00-16:00.

Fir d’Carapio :

Mir hëllefe bei de Virbereedunge vum Niklosmaart an och um Maart selwer. Kuckt den Detail bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter“. Dofir hu mer de 24.11. an den 1.12. keng Versammlung.

Den 8. Dezember hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes ass Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg

Fier d’RaRo:

An der Woch de Mëttwoch 21 November owes um 20h am Chalet hunn mer zesumme mat den Albatrossen eis „Vakanzefoire“ wou mer decidéiere wou mer op de Camp ginn. Den Samschden de 24. November hunn mer Versammlung, wou mer schonn d’Säll virbereede fir d’Woch iwwer Kränz ze wéckelen. Duerno gëtt är Hëllef beim Wéckelen an um Niklosmaart gebraucht. Kuckt dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter“. De Samschden 8 Dezember ass moies Pabeiersammlung an an nomëttes normal Versammlung.

Fir d’Albatrossen:

Denkt drun dass de Mëttwoch den 21 November um 20h eis „Vakanzefoire“ am Chalet stattfënnt. Deen Dag gëtt entscheet wou mir 2019 op de Camp ginn. Sidd also zahlreich vertrueden. Eis nächst Albatrossenversammlung fënnt den 30 November statt. Si ass des Kéier schonn um 18h , well mir hëllefen de Stand um Niklosmaart opzeriichten.  

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

 Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe mer an der Woch vum 26-29 November vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg. De Freiden 30 November ass Rdv um 18h um Prënzenbierg fir eise Stand opzeriichten. Um Niklosmaart selwer, den Samschden 1.12 bis de Sonnden 2.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an oofzerichten a fir ze verkafen.

De Samschden 8 Dezember ass Pabeiersammlung, R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng um Site Eucosider, dier jo et gëtt all Hëllef gebraucht.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top