Infoziedel Februar 2019

Matdeelung un d‘Elteren:

Mir soen den Eltere Merci dat si hir Kanner fir d’Versammlungen um Prënzebierg mam Auto just bis ënne bei d’Schinne vum Train 1900 féieren. Kanner kënnen zesummen de Wee bis erop trëppelen, wëll beim Chalet si wéineg Méiglechkeete fir  mam Auto ze dréinen oder ze parken. Merci fir äert Versteesdemech.

Scoutstheater

Wéi Dir alleguer wësst, spille mir den 01. an den 02. Mäerz Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gett gespillt :

Biber: The Scoutwhackers

Wëllefcher: Gravito retörns

*AvEx: D’Avex sichen en Supertalent

D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 4 Akter vun Josy Christen:

Mam Buergermeeschter on Tour

Den Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Präis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. D’Reservatioune fänken aus organisatoresche Grënn erreicht 2 Woche virdrun un um Tel: 621 814 883.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Fir d’Biber :

Mir hunn den 9. Februar normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. W.e.g. denkt drun op d‘ Prouwen ze kommen. Eis Prouwe sinn ëmmer Méindes an Mëttwochs vun 18:15-19:15 zu Péiteng am Home St. Hubert. Datumer vun de Prouwen: 4.02., 6.02, 11.02, 13.02, 25.02 an den 27.02. An der Vakanz si keng Prouwen an keng Versammlungen d.h. fir d’nächst gesi mer eis fir den Theater.

Fir d’Wëllef :

Den Samschden 9. Februar schaffe mir weider un eisen Kulissen. Mir hunn also Versammlung vun 14 bis 16 Auer um Prënzenbierg. Falls Schnéi leit kennt dir och ee Schlitt matbréngen. Eis Prouwe sinn Dënschdes vu 17:30-19:00 h an Donneschdes vun 18:15-19:15h zu Péiteng am Home St. Hubert. Déi nächst Datumer sinn: 5.02, 7.02, 14.02, 26.02 an den 28.02. Kommt w.e.g. op esou vill wéi méiglech Prouwen. An der Vakanz hunn mer keng Versammlungen d.h. fir d’nächst gesi mer eis fir den Theater.

Fir d’Avex :

Salut AvEx, den 9 Februar hun mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Denkt un eis Prouwen Mëttwochs an Donneschdes : 6.02, 7.02 , 13.02, 14.02, 27.02 an 28.02 allkéiers vun 17-18h zu Péiteng am Home St. Hubert. An der Vakanz hunn mer keng Versammlungen d.h. fir d’nächst gesi mer eis fir den Theater.

Fir d’Carapio :

Den 9 Februar hunn mer moies Pabeiersammlung, RDV ass um 8:30 op dem ale Site Eucosider. Mëttes ass normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. An der Vakanz hunn mer keng Versammlungen d.h. fir d’nächst gesi mer eis fir den Theater.

Fir d’RaRo : 

Den 9 Februar hunn mer leider keng Versammlung. Mee mir gesinn eis sécher moies op der Pabeiersammlung. An der Vakanz hunn mir keng Versammlungen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samschden 9. Februar ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op dem ale Site Eucosider. Elo schonns Merci fir är Hellef.

Fir d’Chef:

Den Dënschden 5 Februar ass Grupperoot um 20h am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top