Infoziedel Enn September 2019

Fir iech alleguer:

Freides de 4. Oktober: Versprieche vum neie Chefscout

Chef Scout Guillaume
Foto: © World Scout Foundation / Victor Ortega via sil.lu

 Mir sinn frou dat den Ierfgroussherzog Guillaume sech bereet erkläert huet d’Nofolleg als Chefscout vu sengem Grousspapp, dem Groussherzog Jean, unzetrieden. Dowéinst biede mir iech all de Freiden, 4. Oktober 2019 Nomëttes op d’Kinnekswiss ze kommen, well do eisen zukünftege Chefscout feierlech säi Verspriechen ofleet. Mir fueren zesumme mam Zuch an d’Stad fir um 14:30 op deem eemolegen Event mat derbäi ze sinn. Treffpunkt ass um 13:30 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 13:45h. Mir wäerte géint 18h erëm zréck zu Péiteng op der Gare sinn. Tenue: Uniform a Foulard (falls et reent Uniform iwwer dem K -Way undoen). Mathuelen: Bréngt wann ech gelift e Becher mat. Schüler a Studente kenne mat dem Formular,deen dem Bréif derbäi gefügt ass, an der Schoul fräi froen.  PDF: Excuse MENJE Wëll mir eise Grupp umelle mussen, géif ech iech bieden Iech beim Claire (621 68 39 99) bis den 29. September unzemellen.                                               

Samschdes de 5. Oktober: Scouts-Mass um Prënzebierg fir d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguer, är Elteren, Geschwëster, Grousselteren,… sidd häerzlech invitéiert op den Prënzebierg bei d’Kapell ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren.  D‘Mass fänkt um 15:30 Auer un. Duerno gëtt d’Méiglechkeet bei engem Patt nach gemittlech zesummen ze sinn.

Samschdes an Sonndes de 26. a 27. Oktober: Gruppe-Montéesweekend zu Monnerech

Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Wichteg: Wëll mir fir d’Organisatioun wësse musse wéivil Leit matginn, brauche mer d‘Umeldungen sou schnell wie méiglech! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) un (och Chef a RaRo). De Weekend kascht 20€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 15€ fir all weider Geschwëster. D’Iwwerweisunge kennt der bis den 14. Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi,
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000,
20 oder 15€,
Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou d’Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweise wëll soss gëtt et en grousse Chaos. Weider Detailer kommen och nach am nächsten Infobréif.

Fir all d’Biber:

Mir gesinn äis de Samschden 28. September an den 12. Oktober um 14:00 Auer um Prënzebierg. Zeckt net a bréngt är Kollegen aus der Schoul mat an d’Versammlung. Den 5. Oktober fänke mer normal um 14:00 mat der Versammlung un, an dann um 15:30 h hunn mir eis Scouts-Mass. Do sinn är Elteren häerzlech agelueden och erop op de Bierg ze kommen a mat eis zesummen eis Scouts-Mass ze feieren (an duerno natierlech en Patt ze drénken). Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:
Dier léif Wëllefcher, kommt de Samschden 28. September an den 12. Oktober um 14h op de Prënzebierg. De 5. Oktober fänkt eis Versammlung normal um 14:00 un, an da sinn är Elteren agelueden um 15:30h och erop op de Bierg ze kommen a mat eis zesummen eis Scouts-Mass ze feieren (an duerno natierlech en Patt ze drénken). Fir all Versammlunge gëllt: Bréngt alleguer souvill wéi méiglech Frënn/dinne mat, et mëscht méi Spaass wann sinn och derbäi sinn. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 28. 09 an den 12. 10 ass wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h. De Samschde 5 Oktober hunn mer Versammlung mat Scouts-Mass vun 14:00 bis ongeféier 16:00 (et ka bëssche méi spéit ginn). Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’CaraPio:

Mir hunn de Samschden 28. September an den 12. Oktober vun 14-16h Versammlung um Prënzebierg. De Samschden 5. Oktober hunn mir moies Pabeiersammlung um 8:30 an nomëttes um 14:00 Auer Versammlung mat Scouts-Mass. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

De Samschden 28. September an den 12. Oktober hunn mir normal Versammlung vu 16:15-18:15h. Den 28. September ginn mer moies hëllefe fir Fäschen fir d’Buergbrennen ze bannen. Rdv um 9:30h beim Annick hannenaus (46, rue Prënzenbierg). De Samschde 5. Oktober hunn mer vill fir: Moies hëllefen mer bei der Pabeiersammlung, mëttes as Scoutsmass an duerno géint 17h fänkt eise RaRo-Cup un. Kuckt och bei „ Fir iech alleguer“ (a mëllt iech fir de Montées-WE un!).

Fir all d’Albatrossen:  

Eis Versammlung sinn ëmmer de leschte Freiden am Mount. Deemno ass éischt Versammlung fir dëst Joer de 27. September vun 20-22h um Prënzebierg. Är Hëllef gëtt natierlech och de 5. Oktober fir d’Pabeiersammlung an eis Scouts-mass gebraucht. Kuckt och bei „Fir iech alleguer“.

Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter

Den Samschde 5. Oktober ass Pabeiersammlung. Rdv as moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Wëll mëttes nach muss d’Scouts-mass firbereed ginn , ass et wierklech wichteg dat esou vill wéi méiglech Läit hëllefen fir dat mer moies gutt virun kommen !!! Dir däerft natierlech och mëttes fir d’Mass an de Patt duerno bleiwe. 🙂

Fir all d’Chef

Den 16. Oktober as Kongress um 19:30 am Artikuss zu Zolwer. Mellt iech w.e.g. beim Claire (621 68 39 99) bis den 12 Oktober, un fir dat eng Gruppenumeldung ka gemaach ginn. Den 8. Oktober ass Grupperot um 20:30 am Avexsall. Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top