Infoziedel Versammlunge bis de 27. Mäerz

Update 4: den Iron Scout vum 17. Abrëll ass ofgesot.
Update 3: den Albatrossentreff vum 20. Mäerz ass ofgesot.
Update 2: d’Guilde Aktivitéite vum März sinn ofgesot.
Update 1: d’Journée CaraPio (JoCaPi) vum 4. Abrëll ass ofgesot.

Léif Elteren, Scouten a Mataarbechter

Mir passen eis Scoutsaktivitéiten de Recommandatioune vun eisem Verband un a soen dofir Versammlunge vun all eise Branchë bis de 27. Mäerz of. Dëse Samschden 14 Mäerz ass also keng Versammlung! Mir behalen d’Situatioun am Aen an esoubal mir do nei Informatioune kréie soe mer Iech Bescheed wéi et mat de Versammlunge wieder geet.

Wëll dës Mesuren ofziele fir grouss Usammlungen un virun allem Kanner/Jonker ze vermeiden, si mir der Meenung dat mer d’Pabeiersammlung vun dësem Samschde 14. Mäerz kënne weiderhi bäibehalen. Mir sinn do a ganz klenge Gruppen an dobausse wat hëlleft den néidegen Ofstand kennen ze halen. D’Pabeiersammlung vun dësem Samschde fënnt also weiderhi statt.

Merci fir äert Versteesdemech a bleift gesond

1 thought on “Infoziedel Versammlunge bis de 27. Mäerz”

  1. Pingback: Infoziedel fir Buergbrennen an Theater 2020 | LGS Péiteng

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top