E Sonndeg den 12. Oktoker ass d’Journée de la Commémoration nationale.
Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechketen, déi dest Joer zu Lamadelaine sin, déel.
Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 9.00 Auer zu Péiteng an de rue de l‘église, vun do aus fuere mir mam Bus op Lamadelaine. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass. Mir kommen géint 12°° nees zerëck.
Haut hu mer an de CaraPio d’Montée virbereed fir déi AvEx déi an zwou Woche bei eis kommen. Fir dass d’Kreativitéit besser fléisst hu mer dobäi Stockbrout gemaach an och rondrëm eis Feierplaz di al Steng nees e bësse fräi geluet.
Op der JoCaPi haut zu Leideleng ware mer net zu vill Péitenger, dofir hu mer eis mat de CaraPio vu Suessem zesumme gedoen a sinn de Rally als eng Ekipp gaanhen.