Programm vun der Guilde: September/ Oktober 2020

Sam. 12.09.: Generalversammlung

Rendez-vous am Home St. Hubert zu Péiteng um 19 Auer. No der Versammlung gëtt et nach een Agape.

Mir freeën eis op Iech!

Sam. 26.09.: Sortie op de Stau

Mir maachen fir d’éischt een Trëppeltour bei Bavigne. Et handelt sech em een Autopedestre vun 9,2 km. Dono iessen mir an der “Auberge du Lac”.

  1. Rendez-vous: 9 Auer um Parking-Centre zu Bavigne.
  2. Rendez-vous (just fir d’Iessen) : 12:30 Auer um Parking-Centre zu Bavigne. Mellt Iech unbedingt beim Georges (691 43 46 49) fir dass Plazen am Restaurant reservéieren kann ginn.

Sam. 03.10.: Franziskusmass

D’Mass fänkt 15:30 Auer zu Péiteng beim Chalet statt. Fir déi déi wëllen kennen scho um 15 Auer kommen fir bei der Sangprow deelzehuelen. Covid-19 Mesuren ginn agehalen. Denkt un Är Mask!

No der Franziskusmass gëtt ee Patt offréiert..

Sam. 10.10.: Pabeiersammlung

Am Prinzip dierfen Péitenger Scouten ërem ab Oktober Pabeiersammlung iwwerhuelen. Falls dës net geännert gëtt, treffen mir eis um 8:30 Auer bei der Eucosider zu Péiteng

Den. 13.10.: Keelenowend

Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.

Sam. 17.10.: Trëppeltour

Trëppeltour bis bei den “Kues” zu Guerlange. Rendez-vous um 14 Auer beim Home St Hubert zu Péiteng.

Mon. 26.10.: Comité

Um 20 Auer am Home.

Den. 10.11.: Keelenowend

Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.

Den. 01.12.: Keelenowend

Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top