Montée 2020

Infoziedel fir den Oktober 2020: Montée

Fir d’Biber

Den Samschden 17.10. treffe mir eis um 14.00 um Bierg. Et gëtt Zäit, dass dir wéisst wat dir als Cowboys geleiert hutt an eis hëlleft äert Duerf ze beschützen. Den Samschde 24.10. hunn mir dann eis Montée. Déi Biber, déi Montée maache verloossen eis do leider. Dofir wëlle mir awer nach eemol Zäit matenee verbréngen an si richteg verabschiden. Dofir treffe mir eis schonn um 11.00 um Bierg an sinn um 14.00 ferdech. Mir freeën eis ob iech. Mir wëllen do och mëttes zesummen iessen, mellt iech dowéinst w.e.g. bis den 21.10 beim Claire Zwick um 691309108 un (gären och iwwer Sms). Déi Biber , déi d‘Montee maachen, liest och bei „Fir all d’Wëllefcher“. Den 31.10 ass keng Versammlung well Vakanz ass.

Fir d’Wëllefcher

Mir hunn de Samschde 17.Oktober vu 14h bis 16h Versammlung um Prënzenbierg. Haalt Iech bereet villäicht hu mer do en klengen Zesummestouss mat Réimer. De Samschden 24 Oktober hunn mer verlängert Montéesversammlung vun 14h bis 17h!!. Mir wëllen do di nei Wëllefcher häerzlech wëllkomm heeschen. Den 31 Oktober ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Fir d’Avex

De Samschdes, den 17.10 an de 24.10 hunn mer Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Fir di Avex déi d’Montée maachen, kuckt fir de 24 Oktober bei den CaraPio bei „ Fir d’Avex déi d’Montée maachen“. Den 31 Oktober ass keng Versammlung well do Vakanz ass.

Fir d’CaraPio

Mir gesinn eis de Samschde 17. Oktober vu 14:00-16:00 um Bierg fir d’Montée vir ze bereeden. De Samschden 24. Oktober gesi mer eis um 15:45 um Bierg fir d’Montée. Fir d’Detailer kuckt bei “Fir d’AvEx déi d’Montée maachen”. Den 31 Oktober ass keng Versammlung well do Vakanz ass. Di nächst Pabeiersammlung ass den 7 November, kuckt bei „Fir all CaraPio, …“

Fir d’AvEx déi d’Montée maachen

Mir freeën eis iech dierfen an de CaraPio ze begréissen! Är Montée ass de Samschden 24. Oktober. RDV ass um 16:00 um Prënzebierg. D’Montée geet bis an d’Nuecht, allerspéitstens um 22:00 si mer fäerdeg. Mir bleiwen zu Péiteng. Matbréngen: waarm Kleeder fir dobaussen ze sinn bei all Wieder an déck Schung, Gamelle, Besteck, gefëllte Bidon, Becher, Spullduch, Täscheluucht, Täschemesser, Bic. Pakt alles an e klenge Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse mat ze bréngen.

Fir d’RaRo

De Weekend vum 17 an 18 Oktober ass Lancement. Et gëtt un deenen 2 Deeg den nämmlechte Programm ugebuede vun 10 bis 19h. Dat ass ouni Iwwernuechtung, fir dass net ze vill Leit op eemol do sinn. Mir si fir de Samschde 17 Oktober ugemellt, mee dat kann nach änneren. Jee nodeem wéi den Undrang ass, kann et sinn dat mir op de Sonnde verluet gi. Dir kritt Bescheed gesot. De Samschden 24 Oktober hu mer normal Versammlung vun 16:15-18.15h. De Samschden 31 Oktober ass keng Versammlung wëll Vakanz ass. Di nächst Pabeiersammlung ass den 7 November, kuckt bei „Fir all CaraPio, …“

Fir d’Albatrossen

Well eise Monteesweekend leider huet missen ofgesot ginn, ass dëse Freiden den 16 Oktober normal Versammlung um 20h virum Red Rock Climbing Center zu Suessem. Ditt är Sportsaachen un.Di nächst Pabeiersammlung ass den 7 November , kuckt bei „Fir all Carapio, …“

Fir d’Chef

Dëse Méinden 12 Oktober ass Grupperot um 20h um Prënzebierg.

Fir all d’Carapio,RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 7. November ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un 🙂 MERCI

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top