Infoziedel bis den Niklosmaart 2021

Niklosmaart

Dëst Joer ass et erëm méiglech dat mir e Stand um Niklosmaart zu Péiteng kenne maachen. Mir sinn den 27 an 28 November op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen an Iech eise Scoutstéi unzebidden. Mir freeën eis op äre Besuch! Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafe well mir op Bestellung schaffen. Duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Claire Zwick (691 309 108 oder zwick punkt claire ät gmail punkt com) bis de 25 November, fir och sécher een ze kréien. Mir liwweren d’Kränz och de 26 November bei Iech heem. Eis Modeller vun de Kränz hunn dëst Joer folgend Kärzen: rout, giel an hellrosa an et gi passend Türschmucker fir dobäi. Leider kennt de Flyer mat de Fotoe méi spéit no well mir nach Liwwerproblemer mat der Deko hunn.

Neies op eisem Site

Dir kënnt ab elo Fotoe vun eise Montéeë vun 2019 a vun 2021 kucken.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, dëse Samschden den 13.11 gi mir ob de Science Festival an der Staat wou mir eis puer Atelieren a Workshops gönnen. Dat ass vu 14h00 bis 19h00. Mir treffen eis fir dës Versammlung ob dem Parking virun der Péitenger Gare ausserdeem muss dir iech beim Alex ( 691 177 773) umellen.
Den 20 November ass dann erëm eng klassesch Versammlung vu 14h bis 16h um Prënzenbierg. Samschdes, den 27.11 ass keng Versammlung, well do ass Niklosmaart. Kommt op alle Fall laanscht bei eise Stand kucken.

Fir d’Avex

Samschdes, de 13.11 an den 20.11 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Samschdes, den 27.11 ass keng Versammlung, well do ass Niklosmaart. Kommt op alle Fall laanscht bei eise Stand kucken.

Fir d’CaraPio

Den 13. November ass den Umeldeschluss fir den CaraPio Süden Weekend am Alsace. Detailer stinn weider ënnen.
Den 13. November vu 14:00-16:00 ass eis éischt Versammlungen mat eisen neie Pionéier. Ditt iech gutt un, mir maachen en Tuer iwwer de giele Botter. Bréngt är Iddien fir eis nächst Entreprise mat, mir sichen eis zesummen eng dovun eraus.

Den 20. November ass och normal Versammlung.

De 27. November si mer um Niklosmaart fir matzehëllefen. Kuckt och bei „Fir d’CaraPio, d’RaRo,…“ fir d’Kränz ze wéckelen.

Wann der interesséiert sidd um Weekend vum 10. bis den 12. Dezember mat Visite vu Stroosbuerg a vun dem Konzentratiounslager Struthof ( http://www.struthof.fr ) Deel ze huelen mellt iech bis den 13. November un, mat engem Virement:
LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
100€
Mentioun “CaraPio Alsace [Numm vum CaraPio]”

Detailer komme méi spéit no, mä et geet vu Freides Owes bis Sonndes Owes. D’Woch drop ass déi lescht Schoulwoch virun der Chrëschtvakanz. Fotoe vun der leschter Kéier fannt der hei: https://lgspeiteng.lu/6820

Fir d’RaRo

Den Samschden den 13 November hu mir Versammlung um Bierg. Den Samschden drop , den 20 November , ginn mir op d’ Wantergrillen vun den Khärjenger Guiden a Scouten dofir as do keng Versammlung. Kuckt och bei « Fir d’CaraPio, RaRo,… » fir den Niklosmaart.

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis den Freiden 19.11 um 20 Auer um Bierg fir d’Versammlung. De Fredi bereet eis eppes Schéines fir. Kuckt och bei « Fir d’CaraPio, RaRo,… » fir den Niklosmaart.

Fir d’Chef:

Den Mëttwoch 17.11 ass Grupperoot um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe mer an der Woch vum 22-26 November vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 18°° un. Mir treffen eis dëst Joer fir d’Kränz ze wéckele bei der Famill Zwick (71, route Niederkorn L-4762 Pétange). Mir hunn eis geduet dat et do méi einfach ass hinzekommen a méi gemitterlech. De Freiden 26 November ass Rdv um 18:30h zu Rodange bei der Garage fir Material vun eisem Stand opzelueden. Um Niklosmaart selwer, de Samschden 27.11 bis de Sonnden 28.11. brauche mir och deng Hëllef fir op-an ofriichten a fir ze verkafen. Mir sinn ëmmer vun 11h ons op eisem Stand.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top