Infoziedel fir d'Buergbrennen 2022

Fir Iech alleguer

Invitatioun fir d’Buergbrennen den 5 Mäerz:

Mir invitéieren all eis Memberen an hir Elteren op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 5 Mäerz. De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. D‘Buergbrenne wäert mat Covid-Check (3G) oflafen, dofir vergiesst ären Impfpass oder Test-Zertifikat net.

Fir op de Kalenner: Wéinst der onbestänneger Covid19-Infektiounslaag hunn mir decidéiert eisen Theaterowend vum Mäerz op den 13-14 Mee ze verleeën.

Fir d’Wëllefcher

Den nächste Samschdeg de 26ten Februar hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Samschden drop , de 5 Mäerz hëllefe mer beim Buergbrennen. Mir si vun 15°° un um Bierg, a bléiwen do bis d’Buerg brennt. Dir kritt nach virum Fakelzuch eng waarm Zopp géint den Honger. Duerno kennt der mat ären Elteren dat waarmt Spektakel genéissen. Denkt drun Iech dem Wierder no unzedoen. De Samschden 12 Mäerz hunn mir erëm normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg beim Chalet.

Fir d’Avex

Den nächste Samschdeg de 26ten Februar hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Samschden drop , de 5 Mäerz hëllefe mer beim Buergbrennen. Mir si vun 14°° un um Bierg, a bléiwen do bis d’Buerg brennt. Dir kritt nach virum Fakelzuch eng waarm Zopp géint den Honger. Duerno kennt der mat ären Elteren dat waarmt Spektakel genéissen. Denkt drun Iech dem Wierder no unzedoen. De Samschden 12 Mäerz hunn mir erëm normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg beim Chalet.

Fir d’CaraPio

Mir ginn eise CaraPio Versammlunge fir de Moment folgend Regelen, mat deene mer liicht méi streng si wéi dat wat de Verband momentan am Kontext vum COVID-19 virgëtt: dobausse si Masken an Distanz recommandéiert, dobanne si Masken obligatoresch. Falls mer emol eng Aktivitéit mat méi wéi 10 Leit dobanne sollten hunn gëlt den 3G, mä mir si gewéinlech zu manner.

Den 22. Februar ass de World Thinking Day, dofir wëlle mer mol kucke wéi gutt der nodenke kënnt! Dat klengt Olive wëll an de WAGGS Geheimclub eran, mä et kennt d’Passwuert net. Et kuckt no wéi zwou Guide virun him era ginn. Bei der Dir kritt dat éischt gesot: „18!“. Et äntwert „9“ a gëtt era gelooss. Dat zweet kritt gesot „28!“. Et äntwert „14“ a gëtt era gelooss. Dat klengt Olive gëet bei d’Dir an héiert „10“. Hatt äntwert „5“, mä d’Dier geet net op. Wat hätt et misse soen?

 E Samschden, de 26. Februar glaséiere mer Leem: d’Renée aus der Guilde huet eis dofir a säi Leematelier invitéiert. Déi vun iech déi an eiser Leem Versammlung eppes geformt haten kënnen och hir ege Saache glaséieren. RDV ass Punk 14:00 um Fouss vum Prënzebierg wou d’Autoe stoe bleiwen. Mir fueren mat Privatautoen bei d’Renée a sinn kuerz no 16:00 nees zeréck. Denkt drunn iech bis Freides Mëttes un ze mellen: wa mer net wëssen dass der mat wëllt kéint et sinn dass mer ouni iech fort fueren.

E Samschden, de 5. März hëllefe mer moies beim Opriichte vun der Buerg. Liest dofir d’Detailer weider ënnen.

E Samschden, den 12. März ass moies Pabeiersammlung , kuckt dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“ Mëttes ass dann Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir planzen dat wat dir u Som (passend zur Saison) mat bréngt an d’Hochbeet a besseren un eiser Bänk no.

Fir d’RaRo

Den nächste Samschdeg de 26ten Februar hunn mir normal Versammlung. De Samschden 05 Mäerz ass Buergbrennen , kuckt dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“. De Samschdeg drop den 12 Mäerz ass moies Pabeiersammlung (kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo, … „) a mëttes ass normal Versammlung.

Fir d’Albatrossen

Fir eise Camp op Guadeloupe weider ze plangen, treffe mer eis de Méinden 28.02 um 19h online iwwert jitsi. De Link kritt der nach geschéckt.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschdes de 05.03 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet an da gëtt et eng waarm Zopp. Denkt drun et ass en Covidcheck-Event (3G) Matbréngen: Mask, Schaffhändschen, gutt Laun a gutt Wierder 🙂

De Samschden 12.03 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top