Infoziedel Niklosmaart 2022

Fir Iech alleguer

Wéi all Joer hunn mir e Stand um Niklosmaart zu Péiteng. Mir sinn den 26 a 27 November op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen an Iech eise Scoutstéi unzebidden. Mir freeën eis op äre Besuch! Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafe well mir op Bestellung schaffen. Duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Claire Zwick (691 309 108 oder zwick.claire@gmail.com) bis de 24 November, fir och sécher een ze kréien. Mir liwweren d’Kränz och de 25 November bei Iech heem. Eis Modeller vun de Kränz hunn dëst Joer folgend Käerzen: Rout, Gold a Mauve an et gi passend Türschmucker fir dobäi. Leider kennt de Flyer m

at de Fotoe méi spéit no well mir nach Liwwerproblemer mat der Deko hunn.

  • Aktualiséiere vum Membersfichier:

Am Unhang vum Bréif fannt der en Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen, a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. Loosst är Elteren dëse Formular w.e.g. ausfëllen a bréngt en di nächst Versammlunge mat. Falls dir schonn esou ee Formular an der leschter Versammlung ausgefëllt hutt , musst der dat net nach eng Kéier maachen. Fir dëst Joer bleift d’Cotisatioun nach bei 15/12 € mee ech informéieren Iech schonn dat ze dat nächst Joer op 17/14€ erop geet

Fir d’Biber

Den 12. November hunn mir wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Kommt fir, dass dir Montée nohuele kennt an äre Foulard kritt. Den 19. November hunn mir keng Versammlung well ech do leider net do ka sinn. Dir kennt awer gäre bei Wëllefcher luusse goen. De 26. November ass den Niklos-Bazar zu Péiteng. Do ass keng Versammlung mee dir kennt gäre mat ären Elteren op eise Stand kucke kommen. Liest duerfir bei “fir Iech alleguer”. Den 03. Dezember hunn mir da rëm wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher dat heite sinn déi puer lescht Versammlunge fir dëst Joer. Den 12. an 19. November si klassesch Versammlunge vu 14h bis 16h um Bierg. De 26. November ass den Niklos-Bazar zu Péiteng. Do ass keng Versammlung mee dir kennt gäre mat ären Elteren op eise Stand kucke kommen. Liest duerfir bei “fir Iech alleguer”. Den 03 Dezember ass eis Kleeschenversammlung bréngt dofir ee klenge Kaddo ( net méi deier wéi 7€) an eng Chreschtboule mat. De Kleesche brauch e bëssen Hëllef.

Fir d’Avex

Samschdes den 12. November, 19. November an 3. Dezember gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.  De 26. November ass den Niklos-Bazar zu Péiteng. Do ass keng Versammlung mee dir kennt gäre mat ären Elteren op eise Stand kucke kommen. Liest duerfir bei “fir Iech alleguer”.

Fir d’CaraPio

Denkt drun iech fir d’Versammlunge bis Freides um 14:00 per SMS un ze mellen.

Samschdes den 12. November, 19. November an 3. Dezember gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

An der Zäit vum 19.11.bis de 24.11 hëllefe mer Kränz wéckelen, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen.

De Weekend vum 26.11. ass Niklosmaart, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen.

Fir d’RaRo

Samschdes den 12. November, 19. November an 3. Dezember sin normal Versammlungen um Prënzebierg. An der Zäit vum 19.11bis de 24.11. hëllefe mer Kränz wéckelen, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen.

De Weekend vum 26.11. ass Niklosmaart, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen.

Fir d’Albatrossen

Eis nächst Versammlung ass Freides den 18.11 um 20h beim Chalet. Fir den Niklos-maart kuckt wieder ënnen.

Fir d’Chef

Den Dënschden 08.11 ass Grupperoot um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe fänke mer dëst Joer éischter un. Mir treffen eis fir d’Kränz ze wéckele bei der Famill Zwick (71, route Niederkorn L-4762 Pétange). Mir hunn eis geduecht dat et do méi einfach ass hinzekommen a méi gemitterlech. Mir schaffe Samschdes den 19.11, Sonndes den 20.11 a vu Méindes den 21. 11 bis Donneschdes de 24.11 all Nomëtte vu 14h un. Owes gëtt et eng waarm Zopp fir d’Stäerkung.

De Freiden 25 November ass Rdv um 18:30h zu Rodange bei der Garage fir Material vun eisem Stand opzelueden. Um Niklosmaart selwer, de Samschden 26.11 bis de Sonnden 27.11. brauche mir och deng Hëllef fir op-an ofriichten a fir ze verkafen. Mir sinn ëmmer vun 11h ons op eisem Stand. 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top