Infoziedel bis den 6 Mee 2023

Fir d’Biber

Mir hoffen dir hat eng flott Ouschtervakanz an hutt iech gutt erholl. Lo geet et och bei eis erëm lass. Den 22. an 29. Abrëll sou wéi de 06. Mee hunn mir wei gewinnt Versammlung vun 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Mir wäerten eis zesumme mat engem néien Thema beschäftegen. Sidd gespaant wat Lyn an ech eis afale loossen. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also am beschte géint 13.45 – 13.50 ënne bei d’ Eucosider. Denkt wéi ëmmer drun iech dem Wieder no unzedoen. An mellt Iech och w.e.g. bis Freides Owes beim Claire (691309108) of wann dir net kommt, fir dat mir wëssen ob wien mir ënne waarde mussen éier mir zesummen erop ginn.

Mir sinn och lo fir de Camping ugemellt. Informatioune fir ze bezuele kommen nach no.

Den 10. Juni ass den nationale Bibertreff zu Réimech. De Bibertreff fënnt all 2 Joer statt an ass fir Biber aus dem ganze Land. Mir fuere Moies (géint 9.00) zesumme mat enger Navette erop a kommen Owes (géint 16.30) erëm zesummen zeréck. Dem Bibertreff kascht 15 € do ass och en Mëttegiesse mat dran. Kommt mat fir en flotten Dag mat Spillen a léiert villäicht scho puer Kanner kennen déi dir um Camping da villäicht erëm gesidd. Mellt Iech dofir bis de 6.05.2023 beim Claire (691309108) un! Iwwerweist am beschten och direkt di 15 € op de Kont vum Grupp:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

15€

Mentioun “Bibertreff + Numm vum Kand „

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn.

Fir d’Wëllefcher

D’Vakanz ass eriwwer an elo geet et endlech erëm lass. Den 22. an 29. Abrëll sou wéi de 06. Mee hunn mir wei gewinnt Versammlung vun 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Elo bei dem bessere Wierder wäerte mer ganz vill dobausse sinn also ditt Iech ëmmer dem Wierder no un.

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 22. 04 hunn  mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Den Samschden 29.04 hunn mer och normal Versammlung vun 14-16h. Do wäerten mer di Versammlung drop virbereeden. Kuckt w.e.g bis dohin op dir e Vëlo doheem hutt an op en funktionéiert. Wann der motivéiert sidd kennt der och gären bis an d‘Versammlung gefuer kommen an mir kucken zesummen. Falls eppes net funktionéiert (e Platten, Bremsen futti, d‘Luuten gi net,…) dann kucken mer zesummen mat eisem Velosexpert de Charel fir dat ze flecken.

Fir d‘Versammlung vum 06.05 ass eng speziell Nuetsaktivitéit ugesot. Mir fueren zesummen mam Vëlo bei déi Kéinzeger Scouten. Treffpunkt ass mam Vëlo an Casque um 16:20h zu Lénger bei der Vëlospist (um Parking bei 90 rue de la libération zu Lénger). Den Schluss wäert géint 21 Auer sinn. Déi genau Auerzäit kommunizéieren mer den Elteren per SMS wëll mir och zesummen mam Vëlo zeréck fueren wäerten. Fir déi Avex déi keen Vëlo hunn deen funktionéiert oder och kuerzfristeg disponibel ass , mëllt Iech w.e.g bei den Chef . Mir hunn nach Vëloen déi mer gären verléinen. Dot Iech dem Wierder un, dot en Casque un , huelt e Bidon mat Waasser mat an eng Täscheluut. Et gëtt e Wupp zu Kéinzeg ze iessen.

Fir d’CaraPio

Mir treffen eis di nächst 3 Samschdeger den 22 .04 , den 29.04 an de 06.05 allkéiers um 14-16h um Prënzebierg. Wannechgelift mellt Iech unbedingt fir dëst Versammlunge virdrun un! Mir plangen nämlech Iech de richtegen a sécheren Ëmgang mat enger Motorsee ze weisen. Dofir musse mer awer wësse wéi vill Material (Secherheetskleedung a Motorsee) mir solle virgesinn. E Samschde 6. Mee hëllefe mer moies op der Pabeiersammlung, kuckt dofir och weider ënnen.

Fir d’RaRo

Mir treffen eis di nächst 3 Samschdeger den 22 .04 , den 29.04 an de 06.05 allkéiers um 14-16h um Prënzebierg. E Samschde 6. Mee hëllefe mer moies op der Pabeiersammlung, kuckt dofir och weider ënnen.

Fir d’Albatrossen

Den Freide 21 Abrëll ass um 19 Auer Generalversammlung vun der Guilde wou mir jo och Member sinn. Duerno gëtt et natierlech och nach en Apéro ? Treffpunkt ass um 19h Auer am Chalet.

Fir d’Chef

Den Mëttwoch 03.05 ass Grupperoot um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

De Samschden 6.Mee ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Eucosider. Elo schonns Merci fir är Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top