Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart zu Péiteng. Mir sinn den 30 November an 1 Dezember op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen an Iech eise Scoutspunsch unzebidden. Mir freeën eis op äre Besuch!
Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafe well mir op Bestellung schaffen. Duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Claire Zwick (691 309 108 oder zwick.claire@gmail.com) bis de 26 November, fir och sécher een ze kréien. Mir liwweren d’Kränz och de 29 November bei Iech heem. Eis Modeller vun de Kränz kennt an eisem Flyer am Unhang kucken.
Den Niklosmaart ass eng Aktivitéit fir di Jonk ab CaraPio-Alter a mir wëllen Iech drop hiweisen dat Biber, Wëllef an Avex ënnert der Verantwortung vun hiren Eltere bléiwe wann si op de Maart kucke kommen.
Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter |
Är Hëllef gëtt gebraucht fir eis Adventskränz-Aktioun. Mir treffen eis fir d’Kränz ze wéckele bei der Famill Zwick (71, route Niederkorn L-4762 Pétange). Mir hunn eis geduecht dat et do méi einfach ass hinzekommen a méi gemitterlech. Mir schaffe Samschdes de 23.11 ab 15h , Sonndes de 24.11 ab 15h un an vu Méindes de 25. 11 bis Donneschdes de 28.11 all Nomëtte vu 15h un. Fir gutt Stëmmung, Iessen a Gedrénks ass gesuergt, bréngt just är Schaffhändsche mat.
De Freiden 29 November ass Rdv um 19h zu Rodange bei der Garage fir Material vun eisem Stand opzelueden. Um Niklosmaart selwer, de Samschden 30.11 bis de Sonnden 1.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an ofriichten a fir ze verkafen. Mir sinn ëmmer vun 11h ons op eisem Stand.