Infoziedel Membersfichier an Cotisatioun 2025

Dëst ass de lëschten Infoziedel fir d‘Joer 2024. Déi ganz Cheféquipe wënscht Iech an ärer Famill schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!

Merci fir är Ënnerstëtzung a bleift all gesond.

1.     Aktualiséiere vum Membersfichier a Cotisatiounen

Am Unhang vum Bréif fannt der e Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen, a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. Am Unhang ass och eng fiche médicale , déi ass wichteg fir dat mir déi néideg Informatiounen (Allergien,..) hu fir d’Versammlungen.

Loosst är Elteren dës Formulare w.e.g. ausfëllen a mailt ze op zwick.claire@gmail.com. Villmools merci

2.     Fir op de Kalenner 2025:

Buergbrennen: 8 Mäerz 2025 um Prënzebierg

Theaterowend: 14-15 Mäerz 2025 am Home St. Hubert zu Péiteng

100 Joer Feier: 7 Juni 2025 zu Péiteng am Park

Gruppecamping: vum 17-25. Juli 2025 um Kuelbecherhaff

Fir all dës Aktivitéite kommen nach Infoziedelen mat méi Detailer no.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir de Kalenner: Pabeiersammlunge fir d’Joer 2025 sinn : 11.01, 08.02 ,01.03, 05.04, 03.05, 31.05, 28.06, 30.08, 27.09, 25.10, 15.11, 20.12

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top