Gudden Owend
Gläich ass et esou wäit wann´s du dech fir de Gruppecamping ugemellt hues! Mir freeën eis mat dir zesummen e puer flott Deeg am Summer ze verbréngen.
Firdun froe mir nach e puer Hausaufgabe vun dir:
· Bréng déi ausgefëllte Fiche Médicale (Kopie vun der Impfkaart an der Carte de Sécurité Sociale net vergiessen!) fir den éischten Dach op de Camping. Och déi erwuesse Chef a Mataarbechter sollen esou eng matbréngen. Dir fannt d´Fiche médicale um site ennert Grupp-> Dokumenter.
· Bréng den ausgefëllten RGPD Accord fir den éischten Dach op de Camping mat. De Formular ass och am Unhang.
· Bréng déi ausgefëllten Umeldung fir d´Grillfest fir den éischten Dach op de Camping mat. De Formular ass och am Unhang.
All Branchenresponsablen wäert Iech an den nächsten Deeg d´Lescht mam Material ,dat der apaken sollt, schécken.
Wann der nach Froen hutt , kennt dir Iech gären bei mir mellen.
Bescht Scoutsgréiss
Claire Dording