| Fir Iech alleguer : |
Déi ganz Cheféquipe wënscht Iech an ärer Famill schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
Merci fir är Ënnerstëtzung a bleift all gesond.
1. Aktualiséiere vum Membersfichier a Cotisatiounen
Am Unhang vum Bréif fannt der e Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen, a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. An der Rubrique https://lgspeiteng.lu/doc fannt dir och d´fiche médicale , déi ass wichteg fir dat mir déi néideg Informatiounen (Allergien,..) hu fir d’Versammlungen.
Loosst är Elteren dës Formulare w.e.g. ausfëllen a mailt ze op zwick.claire@gmail.com. Villmools merci
2. Fir op de Kalenner 2026:
Thinking Day: 7 Februar 2026 um Geesseknäppchen zu Märel
Buergbrennen: 21 Februar 2026 um Prënzebierg
Theaterowend: 13-14 Mäerz 2026 am Home St. Hubert zu Péiteng
Fir all dës Aktivitéite kommen nach Infoziedelen mat méi Detailer no.
| Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter |
Fir de Kalenner: Pabeiersammlunge fir d’Joer 2026 sinn :
10 Januar 2026 08 August 2026
14 Februar 2026 05 September 2026
07 Mäerz 2026 03 Oktober 2026
11 Abrell 2026 31 Oktober 2026
02 Mee 2026 21 November 2026
30 Mee 2026 19 Dezember 2026
20 Juni 2026
11 Juli 2026