| Fir Iech alleguer : |
E Dënschden den 23. Juni ass Nationalfeierdag.
D’Gemeng an d’Veräiner vu Péiteng hunn e grousse Programm opgestallt fir dëst ze feieren. Och mir huelen als Guiden a Scouten un de Feierlechkeeten deel.
All Memberen , vu Biber, Wëllefchen , Avex, …bis Chef solle bei dem offizielle Programm matmaache fir eise Grupp ze representéieren. Mir treffen eis Dënschdes den 23. Juni an Uniform+Foulard (wien eng huet) um 9:30H zu Péiteng beim Busarrêt „ Pétange-Eglise“, vu wou eng Busnavette eis op Lamadelaine féiert. Fir déi di d’Navette net brauchen ass Rdv um 10h beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Vun do gi mir am Cortège an d’Kierch fir den Te Deum. Um 11h geet den Cortège zeréck bei de Centre de Loisirs. Den offiziellen Deel ass dann eriwwer. D‘Busnavette féiert eis erëm géint 12:30h zréck op Péiteng.
Zu Péiteng ass dann ab 13h e grousst Fest op der Gemengeplaz. D’Kanner an di Jonk kenne mat hiren Eltere vun den Iess-a Gedrénksstänn profitéieren, de Concerts nolauschteren an natierlech am Park op eis Statioune spille kommen. Nomëttes organiséiere mir vu 14h-18h Spill a Spaass am Péitenger Park. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu
Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef:
Fir d’Spiller am Park fir den Nationalfeierdag brauche mir Hëllef beim op-an ofriichten a beim encadréiere vun de Kanner. Dës Spiller si fir eis eng Reklamm-Aktioun fir de Kanner aus der Gemeng Loscht op de Scoutismus ze maachen. Déi Leit, déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis um 10h zu Rodange (60 rue de la Minière, Rodange) bei der Garage fir d’Material anzelueden an nach Saache mat der Camionnette an de Chalet sichen ze goen.