Scoutsziedel

Fir iech alleguer:

1)E klenge Rappel fir déi nei Memberen a fir all déi wou de Beitrag nach net bezuelt hun:

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt.

Iwerweist w.e.g elo, 14 Euro fir daat eelst Kand, 11 Euro fir daat zweet an 9 Euro fir all weidert Kand op eise Konto.

LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE   IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

2)Friddenslicht

Samschdes den 15. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen.

No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht.

Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!

Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der  Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtertd’Joer MERCI ze soen.

D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde

 Rutsch an d’Joer 2013 .

 

Fir all d’Biberen an d’AvEx:

Samschdes den 8.12. hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 15.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, didd duefir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer. D’Biberen an d’Avex hun natirlech net zesumme Versammlung den Text ass just dee selwegten  🙂

Fir all d’Wellefcher:

Mir gin e Samschdeg den 8.12 Schliitschung fueren. Wann der et schon kennt gutt, a wann na net dann léiren mir et, … ass sou wei Rollschung fueren J.Dofir treffen mir eis um 13h55 zu Peiteng ob der Gare an mir sin fir 18h20erem zereck. Huelt een klengen Rucksack, eppes ze drenken an eppes klenges z’Iessen (Uebst) mat. An w.e.g. didd Iech waarm un , et as eng Eispist – Händschen, Mutz an een 2t puer Stremp.
Samschdes den 15.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 2 € an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Et wier superflott wann är Elteren fir 15.30 Auer op de Bierg kéimen fir e besse mat eis ze poteren en Téi ze drenken…..Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Duerno gi mir zesummen an d’Mass fir d’Friddensliicht sichen ze goen, didd duefir är Uniform un. Liest och bei: Fir iech alleguer.                    

Fir all CaraPio an d’RaRo:

E Samschden de 8.12 ass moies Pobeiersammlung r.d.v ass wéi emmer um 8.30 op der Lengerstrooss. Mir brauchen DECH!Nomettes hun d’CaraPio vun 14°°-16°° an d’RaRo vun 16°°-18 Versammlung um Bierg. Mir treffen eis an Uniform e Samschden den 15.12 um 14°° an der Kirch. Mir riichten d’Krëppchen an der Kirch op, berdeen d’Friddensliichtfeier fir an machen bei der Mass fir d’Friddensliichtfeier mat.  D’RaRo hun den 29.12 eng Spezialversammlung vun 15°° bis 20°° um Bierg.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:

E Samschden den 8.12 ass nees Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zou Péiteng op der Lengerstrooss. Villmols Merci fir all Hëllef.

Hei sin d’Datumer vun de Pobeiersammlungen 2013:12.01/ 9.02/ 16.03/ 20.04/ 11.05/ 8.06/ 27.07/ 24.08/ 21.09/ 19.10/ 16.11/ 7.12  Liest och bei: Fir iech alleguer

Fir d’Chef:

Mir hun en Donneschdeg den 13.12 Grupperot um 20°° um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top