Scoutsziedel vum 12. an 19. Januar

Fir iech alleguer: Infoen zum SPLASH 2013 :

D’RaRo machen machen dest Joer bei verschiddenen Odyseen mat. Sie gin ongeféier 2 Wochen a Bosnien, Georgien, Indien de Senegal oder Brasilien wou sie konkret op der Platz hëllefen. Fir dëss Odyseen ze realiséiren gi fill Sue gebraucht, duefir gin d’Guiden a Scouten aus dem ganze Land, den 2. Februar op Niederanwen schwammen (Détailer kommen gleich). Déi jenkst vun eis, d’Biberen an d’Wëllefcher déi ennerstetzen des Aktioun mat engem Molsplash. E Samschden an der Versammlung kréien all d’Kanner a Jugendlech en Ziedel fir Sponsoren ze sichen an esou des Aktioun ze ennerstetzen.Sie schreiwen ären Numm an är Adress an de Betrag den dir wëllt spenden op. Et ass wichteg dass sie desen Ziedel de Samschden drop erem beim Chef ofgin. Dir gitt nom 2.Februar vun der SPLASH Equipe ugeschriwen a kritt dann d’Kontosnummer wuer der d’Suen sollt iwerweisen matgedeelt.  Et wier superflott wann dir des Aktioun gingt ennerstetzen. Weider Informatioun fannt dir op: LGS.lu Splash 2013

 

Fir all d’Biberen:

En neit Joer an een neien ???? Wanns de wëlls wessen waat, da komm an eis Versammlung. Déi Woch drop fänken mir un, un eisem Theatertesck ze schreiwen. Mir hun déi zwee nächst  Samschdecher den 12.  an 19.Januar vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer.

 

Fir all d’Wëllefcher:

Mir hun déi zwee nächst  Samschdecher den 12.  an 19.Januar vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Mir fänken un, un eisem Theatersteck ze schaffen. Liest och bei: Fir iech alleguer.

 

Fir all d’ AvEx:

Mir hun déi zwee nächst  Samschdecher den 12.  an 19.Januar vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Mir fänken eng nei Entreprise un. Liest och bei: Fir iech alleguer.

 

Fir all d’CaraPio:

Salut, den 12.01 hu mir moies Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.Et ass WICHTEG dass DU eis hëllefs. Nomettes treffe mir eis um 14°° bei der Kirch, d’Versammlung dauert bis 16°°.

Den 19. Januar gesi mir eis vun 14°°-16°° um Prenzebierg. Sicht schons originell Ideen fir eist Theatersteck. Mir spillen den 8+9. März. D’Prouwen am Home fänken am Februar un, a sin ëmmer Denschdes an Donneschdes vun 18.30 bis 20°° Auer.

Vum 1-3 März fueren mir jo mat de Cara-Pio Süden op Struthof am Alsace eng Visite vum  fréiren K-Z machen. Wann’s du wells matgoen an dech nach net ugemellt hues, da mell dech ganz séier beim Martine. Liest och bei: Fir iech alleguer.

 

Fir all d’RaRo:

Mir hun déi zwee nächst  Samschdecher den, 12.  an 19.Januar vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 12. ass Pobeiersammlung R.d.v, wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.Et ass WICHTEG dass DU eis hëllefs.

 

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Den 12.01 ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Du wees jo, mir brauchen DECH.  Villmols Merci fir all Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top