Scoutsziedel

Fir iech alleguer: :

Eisen Theater war en vollen Erfolleg. Alles huet super geklappt. MERCI fir DEIN Asatz.

Dest ass de läschten Ziedel fir un der Vakanz ech wenschen iech alleguer schéin Ouschteren.

Fir all d’Biberen:

Léif Biber kommt all déi 2 nächst Samschdeger  den 16. an  den 23. März vun 14°°-16°° op de Prënzebierg. Didd iech dem Wieder no un well mir sin dobaussen.

Fir all d’Wëllefcher:

Mir hun e  Samschdeg den 16.März  vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg wou mir an der Zeit zerëck gin…… Duerno ass bis no der Vakanz keng Versammlung méi.

Den 13. a 14. Abrëll gi mir zesumme mat de Bieleser Scouten op Bilsdorf op e W.E. Mellt iech w.e.g beim Alex um 691177773 un.

Fir all d’ AvEx:

Mir hun e  Samschdeg den 16.März  vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass bis no der Vakanz keng Versammlung méi.

Fir all d’CaraPio:

Salut, den 16.03 hu mir moies Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.Et ass WICHTEG dass DU eis hëllefs. Nomettes maachen maer eng Sortie ob Esch an d’Schwëmm.RdV um 14 Auer zu Esch firun der Schwëmm (Bus 1 an 13 fueren vun Peiteng direkt bis bei d’Schwemm).Schluss as geint 17Auer zu Esch bei der Schwëmm (Bus 1 an 13 fueren natiirlech och rem zereck ob Peiteng).
Well daer all sou super beim Theater matgeschafft hud, iwerhellt den Grupp d’Entree.
Also packt schon aer Ärmecher, Intecher, Flossen, Tauchbrëll, Bäll, etc an.

IronScout 26-28 Abrëll:Den IronScout ass déi ultimativ Erausfuerderung: 65km trëppelen an nëmmen 24 Stonnen.Eng eenzegaarteg Geleeënheet seng Grenzen kennen ze léieren an driwwer raus ze wuessen.Natierlech muss een den Wee net ganz goen, jidderee geet sou weit en well an sou weit wei en packt.Den Weekend kascht 30.- an desem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran.Umellen bis den 22 März: Per Iwerweisung vun engem Accompte vun 15EUR ob den Kompte vun LGS Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mat dem Vermiek IronScout + ären Numm

Fir all d’RaRo:

Salut, den 16.03 hu mir moies Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross, an nomettes  vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg, de Charel, de Fredi an de Guy bereeden dess Versammlung fir, sie gëtt also MEGA . An der Vakanz mache mir e mini Camp vun Donneschdes dem 4 bis Samschdes den 6. Abrëll zu Miersch.Haaptprogramm: Liichterfabrik@Silo. Preis: Belleg. Fir dech unzemellen scheck dem Guy 691435358 ELO eng SMS.

Aktivitéiten vun der Guilde des Scouts Adultes vu Péiteng:
Elteren,Matarbechter,Chef a fréier Guiden a Scouten sin härzlech wëllkomm!

Sonndes den 17.März, Familjesortie: Fousstour vu 5km op den Vesquenhaff bei Déifferdeng. R.d.v um 14°° op der Maartplatz (mir fuere mat Privatautoen)

Donneschdes den 21. März : Mir wellen eng aal Traditioun erem opliewe loossen an invitéiren op eis éischt Uucht um 20°° um Prënzebierg Firwetzeg? Da kommt einfach emol kucken.

Fir all d’Chef:

Den 14.03 ass Grupperot um 20°° um Bierg.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Den 16.03 ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Du wees jo, mir brauchen DECH.  Villmols Merci fir all Hëllef

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top