Scoutsziedel

Fir IECH alleguer:

Dest ass de läschten Ziedel bis no der Païschtvakanz.

Fir all d’Biber:

Léif Biber, nächste Samschdeg, de 11. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Mir weisen iech waat e Léierpaad ass. An der Versammlung vum 18. Mee mole mir mat Naturmaterialien.Didd iech dem Wieder no un well mir sin dobaussen.

Fir all d’Wëllefcher:

Den 11. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Mir schaffe weider un eise Rüstungen, fir dass dir ären Kinnik kennt würdeg verteidegen.

E SONNDEG den 12.Mee gi mir op de nationalen WELLEFCHERSRALLY. Mellt iech bis e Samschden beim Alex um 691177773 un. De Rally kascht 20 Euro, do ass Täschegeld mat dran. Mir treffen eis moies um 8°° an Uniform zu Péiteng op der Gare. Huelt e klengen Rucksack mat Picknique fir ennerwee mat. Mir sin owes um 17.40 Auer nees zu Péiteng op der Gare.

E Samschden den 18. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx-Detektiven,

dei zwee nächst Samsdeger, den 11.05 an den 18.05 hunn mer vun 14.00 bis 16.00 Auer Versammlung. Mir fueren weider mat eiser Entreprise Detektiven.

Zum Ofschloss vun eiser Entreprise hu mer vum 25-26 Mee e Weekend, wou mer en Hike maan. Umellen kann een sech all Daag ab 14.00 Auer, bis den 18.05 beim Gilles Michels (per SMS oder Uruffen) um 621 688 422. De Weekend kascht 20 €, falls aus enger Famill mei Kanner matginn, kascht et fir een Kand 20 € a pro aanert Geschwester 15 €.

Matzehuelen op de WE ass: Gamelle mat Besteck/Bidon Schlofsaak a Carrymatte/Biergschung/eppes geint de Reen / geint d’Sonn/fresch Ennerwäsch/Wäschsaachen/Picknick fir Samsdes-Mettes/ Täscheluut/ Täschemesser/ AvEx-Foulard/ d’Suen fir de WE/ Fiche médicale => d’Fiche médicale fannt dir hei:Fiche méd_Péit_

R.d.v. ass moies, den 25.05 um 10.00 um Prenzebierg beim Chalet an zereck sinn mer, den 26.05 géint 14.00 erem um Prënzebierg beim Chalet.

INFO: eise Camp ass dest Joer vum 20. bis den 28. Juli um Senningerbierg. Umellen kennt der ierch, per SMS oder Uruffen, bis 25.05 beim Fredi um 621 472 510 ab 19.00 Auer.

Fir all d’CaraPio:

Salut Caravellen an Pioneier, e Samschden, de 11.05 hëllefe mir bei der Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Dir wesst jo sie brauchen EIS!

Mir schaffen den 11.05 vun 14°°-16°° an den 18.05 vun 14- 17°° erem un eisem Film. Geännert: 14-16 well mer réischt méi spéit filmen.

Brengt den 11. alles mat wat bis elo gemaach an beschwaat gouf.( Skript, Materialien ewei Deko Kleeder asw…) Sidd all do, a brengt Idée mat .

Camp : Ween nach emmer net alles iwwerisen huet , soll daat w.e.g. sou schnell wei meiglech maachen.

Denkt drun mier mussen en Spill maachen, brengt och dofir äer Ideen mat.

T-shirt: Mier bestellen rem Carapiosüden T-shirten.15 Euro kascht een. Dier kennt der och mei bestellen wann der wellt.

Fir all d’RaRo:

Mir hun den 11. an de 18. Mee vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Den 11. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer op der Lengerstross.

Neies vun der Guilde

Den 9. Mee:  Familljensortie op d’Bilschdrefer Guide Kirmes

Den Rendez-vous ass um 9.30 Auer zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10.45 Auer zu Bilschdref.

17. Mee:  Generalversammlung um 19°° um Bierg 18. Mee: Mass fir d’Irène Céolin um 17.30 Auer

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’Guilde an d’Chef:

 Den 11. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI fir DENG Hëllef!

Fir d’Chef:

En Denschden de 14.Mee ass Grupperot um 20°° um Bierg Geréckelt op Méindes 13. Mee.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top