Informatiounsblatt vum September

 

Informatiounsblad vun der Guilde vum September 2013

 

Donneschden, den 19. September 2013 ass Lidderuucht

 

Rendezvous: 20.00 Auer am Chalet um Bierg

An dëser Uucht prouwen mir Lidder fir d’Mass an d’Lagerfeier vum 60. Anniversaire.

 

 

Samschdeg, den 21. September 2013 ass Pabeiersammlung an Kleedersammlung

 

Rendezvous um 8.30 beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

All Mathëllef geet gebraucht.

 

Samschdeg, den 21. September 2013 ass „Nuit des Lampions“ zu Woltz

 

Eis Rover huelen mat selwergemaachten Lampionen um Cortège deel.

De Cortège start um 18.00 Auer am Beräich vun der Place des Martyrs/Jardin de Wiltz

 

Méindeg, den30. September 2013 ass Comité

 

Rendezvous um 20.00 Auer am Home

 

Samschdeg, den 28 September 2013 ass „Scout fir een Dag“

 

Et ass geduecht fir den Scoutsgrupp virzestellen an nei Memberen ze kréien.

Dat ganzt spillt sech Mëttes op der Stadshausplaz of.

Eis Aufgab ass d’Buvette an de Grill. Mir hëllefen scho Moies um 9.00 Auer opzeriichten.

Ween eis wëllt eng Hand upaken, kann sech beim Martine um Tel.: 50 32 71 oder um

GSM 621 414 040 mellen.

 

Donneschdeg, den 3. Oktober 2013 ass Guildendag

 

Den Guildendag ass dëst Joer zu Rospert.

Visite vum Musée Henri Tudor

Mëttegiessen an duerno kuerz Generalversammlung

De genauen Programm geet spéider matgedeelt.

 

Samschdeg, den 5. Oktober 2013 ass eisen 60. Anniversaire

 

Programm:

10 Auer: Rendezvous beim Péitenger Scoutschalet um Prenzebierg.

Ouverture mat feierlechem Opzéien vum Fändel

11 Auer: Mass bei der Kapell

mat uschléissendem Undenken un eis Verstuerwen Memberen

12 Auer: Aperitif duerno Mëttegiessen

Um Menü: Choucroute garnie an Quetschentaart

15 Auer: Virstellen vun der Brochure erausginn zur Geleeënheet vun eisem 60den Anniversaire

Ënnerschreiwen vun der Conventioun mat dem Scoutsgrupp.

Duerno à la carte: Atelieren iwwert Scoutsferdegkeeten

Trëppeltour iwwert de Bierg

Virféierung vun Diaen a Filmer

18 Auer: Owesiessen mat Kachkéis- a Patésschmieren

19 Auer: Lagerfeier

20 Auer: Couvre-feu

 

Umeldung bis spéitstens den 30. September 2013 beim Martine SCHLOTTERT um Telefon 503271 oder um GSM 621 414 040

Preis vum Iessen an der Brochure: 15 Euro (Gedrénks net abegraff).

Fir Familljen geet et e Rabatt.

 

Samschdeg, den 19. Oktober 2013 ass Pobeiersammlung

Rendezvous um 8.30 beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Jiddereen ass wëllkomm.

 

 

 

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top