Scoutsziedel vum 19. Oktober bis den 3. November 2013

Fir all Biberen,Wellefcher, Avex, CaraPio an RaRo

Montées W.E

Wéi dir bestëmmt schons wesst, wiesslen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mecht de ganze Grupp e W.E.

Wou? De W.E ass am chalet Ginko zu Heeschdrëf.

Départ: Mir treffen eis e Samschdeg den 2.November um 14°°Auer an Uniform zu Péiteng op der Gare (de Zuch fiert  um14.14 Auer)

Mathuelen: Jumbokaart,Täschelucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyama, fresch Ennerwäsch,Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale => Fiche méd_Péit_, a perséinlech Médikamenter.Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen.

Fir d’AvEx, d’CaraPio/ Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.

Umellen : Fir dass mir wessen fir wifill Leit mir kache sollen ass et wichteg, dass dir Iech bis den 30.10 ugemellt hut, (och d’Chef) beim Kim Staudt um 621197160 dir kennt och eng SMS schreiwen.Merci !

Preis: De W.E kascht 20 Euro fir den éllsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g op der Plaatz.

Retour: Mir si Sonndes den 3.11 um 16.45 Auer nees zu Péiteng op der Gare.

Fir all d’Biber:

Hallo Biber, dir sidd alleguer ageluden fir den 19.Oktober vu 14°°-16°° um Prenzebierg un engem Schmaachconcours deelzehuelen, well mir keng Zervéiten hun, musst dir aalt Gezei undin J. De 26. Oktober ass keng Versammlung.

Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, mir kruten ee geheimnissvolle Bréif, liest am bäschte selwer:

„Commander hei ass eppes daat musst dir iech ukucken!!! daat ass net normal. Esou eppes ähnleches hun ech nach nie gesinn. Wann daat esou weider geet, da sti mir virun engem grousse Problem. Ech denken et ass un der Zeit, dass dir d’Liga muss informéiert, soss kann et fir emmer ze spéid sin. Loosse mir daat bäscht fir eis Zukunft hoffen. Commander ech bereeden alles fir e geheimt Treffen den 19. Oktober vu 14°°-16°° um Prenzebierg fir. Mir musse schnell handlen, hoffentlech ass et nach net ze spéit…“

De 26. Oktober ass keng Versammlung.

Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx,den 19. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg, didd aalt Gezei un, mir schaffe mat Faarf. De 26. Oktober ass keng Versammlung.

Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E.

Fir all d’CaraPio:

Salut léif CaraPio. Eis nächst Versammlung ass e Samgden den 19. Oktober vu 14:00-16:00. Mir bereeden eis vir op eist grousst Laser Game andeems mer Hindernissparcoursen opriichten an bewältegen. Moies ass Pobeiersammlung. De 26. Oktober ass keng Versammlung.

Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E.

Fir all d’RaRo:  

Salut den 19. Oktober ass Versammlung vu 16°°-18°° um Prenzebierg, a moies ass Pobeiersammlung. De 26. Oktober ass keng Versammlung.

Um Montees W.E packen mir eng Hand mat un, so w.e.g dem Kim bescheed wanns du derbei bass.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:  

 E Samschdeg den 19. Oktober ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top