Guilden Informatiounsblad vum November

 

Informatiounsblad vun der Guilde vum November 2013

 

Donneschden, den 7. November 2013 ass Keelenowend

 

Rendezvous: 20.00 Auer am Café Porte de Lamadeleine

 

Samschdeg, den 9. November 2013 ass Sortie iwwert de Kierchepad op Kënzeg

 

Rendezvous um 10 Auer zu Péiteng bei der Sportshal.

De Fousstour ass 6 km laang.

Mëttegiessen ass am Restaurant Rugantino zu Kënzeg (à la carte).

Umeldung bis Mëttwochs, den 6. November 12 Auer beim Carlo Peiffer Tel: 50 21 03

Retour mam Bus.

 

Samschdeg, den 16. November 2013 ass Pabeiersammlung

 

Rendez-vous um 8 Auer 30 op der Léngerstross.

 

Samschdeg, den 23. November 2013 gi mir Dännestreiss schneiden

 

Rendezvous um 9 Auer beim ale Pompjeesbau an der Korstross.

Déi Dännestreiss sinn fir Adventskränz ze maachen.

Eng Actioun mam Grupp.

 

An der Woch vum 25. bis den 29. November gi Kränz gewéckelt an Adventsdekoratiounen gebastelt

 

Mir treffen eis all Owend vun 19 Auer un um Prënzebierg am Chalet.

All Hëllef ass wëllkomm.

 

Samschdeg, den 30. November 2013 an den Sonndeg, den 1. Dezember ass Niklosmaart

 

Bei der Gemeng zu Péiteng ginn eis Adventskränz an eis gebastelt Dekoratiounen verkaaft.

 

Samschdeg, den 7. Dezember 2013 ass Pabeiersammlung

 

Rendez-vous um 8 Auer 30 op der Léngerstross.

 

Sonndeg, den 15. Dezember 2013 ass Sortie op Stengefort

 

Mir ginn den Sentier Mirador (evtl. Gekierzt)

Rendez-vous um 13 Auer 30 op der Maartplaz zu Péiteng mam Privatauto.

 

Samschdeg, den 28. Dezember 2013 ass Chrëschtuucht mat uschléissender Träipefriess

 

Rendezvous um 19 Auer am Chalet um Prënzebierg.

Umeldung beim Martine Schlottert Tel: 50 32 71 oder Gsm 621 414 040 bis den 23. Dezember 12 Auer.

 

Nächste Comité : Méindes, den 23 Dezember 2013 um 20 Auer am Home

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top