Scoutsziedel August a September 2014

Ufanks September sin e ganze Koup Aktivitéiten (an ech sin do nach an der Vakanz) duefir elo schons den éischten Ziedel fir d’Scoutsjoer 2014/2015.

Hannert der Aktivitéit steet emmer fir wéi eng Branche et ass.

Samschdes den16.August:Pabeiersammlung/ Fir:CaraPio,RaRo,Matarbechter, Guilde a Chef

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Wëll fill Leit an d’Vakanz sin, ass et wichteg dass jidfereen den irgendwéi kann helefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Dest Joer ass de 70 Anniversaire vun der Libératioun. D’Gemeng an de Syndicat d‘Initiative organiséiren fill Aktivitéiten fir dest ze feiren. Hei just déi wou mir als Grupp matmachen:

Dënschdes de 9.September: Grouss Liberatiounsfeier a Präsenz vum Grand-Duc/ Fir: de ganze Grupp

R.d.v um 18°° an Uniform beim Staatshaus, duerno gi mir am Cortège bei d’Denkmal vum Zaldot wou enner anerem Chef vun de Scouten een Text firdroen. Géint 20°° ass e grousst Volleksfest. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass fir um Volleksfest eriwer.

Donneschdes den 11.September: Visite vum Militärmusée zu Baschtenech an vum Militärkiirfend zu Hamm/Fir: AvEx, CaraPio, RaRo, Matarbechter, Guilde a Chef

De Syndicat organiséiert des Visiten fir d’Scouten an d’Maison Relais.Wichteg!!! Fir dass de Syandicat des Sortie ka plangen muss jidfereen de matfiirt (och d‘Chef) sech umellen, bis spéidstents de 26. August beim Fredi Feller um 621472510°°.Mir treffen eis an Uniform um 8.30 Auer zou Péiteng bei der Sportshaal an si géint 18°° nees bei der Sportshaal. Jidfereen soll e Pique-Nique matbrengen. D’Entreeskäschten an de Bus gin vum Syndicat bezuelt

Samschdes den 13.September: Pabeiersammlung/ Fir:CaraPio,RaRo,Matarbechter, Guilde a Chef

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Wëll fill Leit an d’Vakanz sin, ass et wichteg dass jidfereen den irgendwéi kann helefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Sonndes de 14.September: Cérémonie de Souvenir/                                  Fir: de ganze Grupp

R.d.v an Uniform um 9.15 fir un der Kiirch zu Péiteng.No der Mass ass eng Gedenkfeier, um 12.30 ass een „Barbecue populaire“ a Rousen

Denschdes den 16.September: Grupperot/ Fir:d‘ Chef

R.d.v ass um 20°° um Bierg

Mettwoches den 17.September: Kongress/ Fir:d‘ Chef

Détailer fannt dir am Contact sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd

Samschdes den 20.September:Kleedersammlung/ Fir:CaraPio,RaRo,Matarbechter, Guilde a Chef

R.d.v um 9°° Auer zu Péiteng beim aale Pomjeesbau

Samschdes den 20.September: Éischt Versammlung fir daat neit Scoutsjoer: D‘Biber/d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. D‘RaRo hu vu 16°° bis 18°° Versammlung um Prënzebierg.

Sonndes den 21.September: Chefdaag/ Fir:d‘ Chef

Détailer fannt dir am Contact sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd

Samschdes den 27.September: Scout fir een Daag/                                    Fir: de ganze Grupp

Vun 15°° bis 18°° dréint sech bei Staatshaus alles em d’Scouten. Brengt är Kollege mat, a weist hinnen waat e bei eis alles erliewe kann. Fir dass mir och eppes ze bidden hun sin d’Chef moies vun 9°° un umgang opzerichten. D’Guilde suergt dass Kee muss hongreg an druschtreg sin.

 Bei der Rubrique „Guilde“ fannt dir d’Aktivitéiten vun eiser eelster Branche, des därfte fir un allem är Elteren intresséiren, bei den Treppeltier kënnt dir och gär als Famill matgoen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top