Informatiounsblad vun der Guilde September 2014

 

Programm September – Oktober 2014

 

 

Dën. 9. Sep. : Liberatiounsfeier.

Rendez-vous um 18:15h virun der Gemeng.

Empfang vum Grand-Duc.

Cortège bei d’Amerikaner-Monument.

Gedenkzeremonie wou, ënner anerem, Chef vun de Scouten en Text virdroen.

Cortège an de Schoulhaff.

Receptioun mat Concert a Freedefeier.

(Organisatioun: Gemeng Péiteng).

 

Don. 11. Sep. : Excursioun

op Baaschtnech an de Militärmusee an op Hamm op den US-Kierfecht, mam Bus.

De Grupp hëlt dorunn deel an d’Guilde ass mat invitéiert.

Rendez-vous um 8:30h zu Péiteng bei der Sportshal.

Retour um 18:00h.

Jidderee soll säi Picnic matbréngen.

D’Entréeën an de Bus gi vum Syndicat bezuelt.

Wéinst dem Bus musst Dir Iech umelle beim Fredi Feller um 621 472 510 bis spéidstens den 26. August .

(Organisatioun: Syndicat d’initiative, speziell fir d’Scouten an d’Maison Relais)

 

Don. 11. Sep. : Keelenowend

zu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h.

 

Sam. 13. Sep. : Pabeiersammlung.

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

 

Son. 14. Sep. : Passeur-Gedenkdag.

Rendez-vous um 9:15h virun der Kierch (kee Cortége).

Mass, duerno Gedenkzeremonie bei der Borne du Passeur.

Um 10:45h Receptioun a „Rousen“.

Vun 12:30h un „Barbecue populaire“ op der Maartplaz.

Zur Erënnerung: Eise Scoutsgrupp ass Fähnrich vum Veräin „Borne du Passeur asbl.“.

(Organisatioun Gemeng + SIP + Borne du Passeur asbl.)

 

Sam. 20. Sep. : Kleedersammlung.

Rendez-vous um 9:00h beim ale Pompjeesbau.

 

Sam. 27. Sep. : „Scout fir een Dag“.

De Grupp presentéiert sech vun 15:00h bis 18:00h mat typesche Scoutsaktivitéiten bei der Gemeng an am Park a versicht de Péitenger Kanner de Scoutissem méi no ze bréngen.

D’Guilde ass mat engagéiert, suergt fir dat läiflecht Wuel an hëlleft beim Op- an Ofriichten.

All Hëllef ass wëllkomm.

Geschafft gëtt vu mueres 9:00h un.

Intressente solle sech beim Martine Schlottert, Tel. 50 32 71 , mellen.

 

Don. 2. Okt. : Nationale Guildendag zu Biekerech.

Rendez-vous entweder um 9:00h zu Péiteng um Parking Sportshal oder um 9:50h zu Biekerech bei der „Biekerecher Millen“ an der Huewelerstrooss.

Provisoresche Programm:

10.00h: Visite guidée vum Site Biekerecher Millen,

12:30h: Mëttegiessen,

duerno: Generalversammlung vun der FLGS

Den definitive Programm ass nach net eraus a gëtt, wann et dann esouwäit ass, nëmmen un déi intresséiert Persoune geschéckt. Wann Dir intresséiert sidd, da mellt Iech provisoresch u beim Martine Schlottert, Tel. 50 32 71 oder Mail jschlott@pt.lu bis den 15. September.

 

Mon. 6. Okt. : Comité.

Um 20:00h am Home.

 

Sam. 11. Okt. : Pabeiersammlung.

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

 

Sam. 18. Okt. : Uucht

um 20:00h am Chalet um Prënzebierg.

Um Programm:

A. Mir fabrizéieren eise Foulardsrank (Modell Tête de turc) selwer, ënnert der fachmännescher Leedung vum Lex Felten.

E Liederstréckel kascht ~0,50 €.

B. Projektioun vum 1. Deel vun historesche Filmer iwwer d’Scoutsaktivitéiten aus de Joren 1958/59, gedréint vun eisem Member Fernand Godart, deemools Rover.

 

Don. 23. Okt. : Keelenowend

zu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h.

 

Zukunftsmusek:

Sam. 15. Nov. Pabeiersammlung.

Don. 27. Nov. Keelenowend zu Lampech mat Iessen.

Sam. 14. Dez. Pabeiersammlung.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top