Scoutsziedel bis den 11.Oktober

Fir iech alleguer:

Läschte Samschden war eisen zweete Scout fir een Dag. Ech well op dëser Platz allen Elteren a Memberen Merci fir hire Besuch soen.

E ganz DECKE MERCI fir all CaraPio,RaRo, Chef, Guildemember a Matarbechter den gehollef huet fir dass alles esou gutt geklappt huet!!!!

Fir op de Kalenner : Eise Montéeswekend den ass fir Biber bis RaRo ass vum 25. bis de 26. Oktober

De Gruppechef

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Well mir fill dobausse sinn, ass et wichteg dass dir iech dem Wieder entspriechend undidd. Denkt och dru gutt fest Schung unzedoen.

Fir all d’Wëllefcher:

Léiw Wëllef, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

En plus hu mir,… tadaaa …  wéi versprach um Camp, an an diversen Versammlungen vill Fotoen gemat an Videoen gedréint, gemat, geschoss, geknipst an op geholl. Déi dir alleguerten kennt gesin!! Dir misst dofir just een USB Stick vun mindestens 2GB mat bréngen. Am beschten schreift dir och ären Numm drop. Deen Stick kritt dir dann spéider gespickt mat Beweismaterial vun eis erëm.

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’CaraPio:

Leif AvEx, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Den 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Léngerstross.

Fir all d’RaRo:

Den 04.10 hu mir normal vun 16-18h Versammlung.

Bis dohinner muss dier iech bei eis ugemellt hu fir den Lancement an Challenge eran ginn hunn, dofir bréngt do kreative, realistesch an machbar Ideeë mat.

Den 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

11.-12. Oktober: Lancement W.E. Dat ganzt geet Samschdes um 18°° un an dauert bis Sonndes 16°°. Et ginn zwou Challengen wou mir eis preparéiere mussen kuckt op: www.lgspeiteng.com an an der Facebook Grupp.

Neies vun der Guilde:

Don. 2. Oktober: Nationale Guildendag zu Biekerech. Rendez-vous entweder um 9:00h zu Péiteng um Parking Sportshal oder um 9:50h zu Biekerech bei der „Biekerecher Millen“ an der Huewelerstrooss.

Mon. 6. Okt. : Comité.Um 20:00h am Home.

Sam. 11. Okt. : Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h op der Léngerstrooss.

Sam. 18. Okt. : Uucht um 20:00h am Chalet um Prënzebierg.Um Programm: A. Mir fabrizéieren eise Foulardsrank (Modell Tête de turc) selwer, ënnert der fachmännescher Leedung vum Lex Felten.

E Liederstréckel kascht ~0,50 €.B. Projektioun vum 1. Deel vun historesche Filmer iwwer d’Scoutsaktivitéiten aus de Joren 1958/59, gedréint vun eisem Member Fernand Godart, deemools Rover.

Don. 23. Okt. : Keelenowend zu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h.

Fir all d’Chef:

De nächste Grupperot ass en Dënschdeg den 7.Oktober um 20°° um Bierg

Fir all d’Carapio, RaRo, Mataarbechter, Guildememberen a Chef:

De 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.Elo schonns en decke Merci fir all Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top