Infoblaat bis de 17. Januar + Theaterprouwen

Dësen Ziedel gouf aktualiséiert mat Informatiounen iwwer de Wanterhike fir d’CaraPio.

Fir IECH ALLEGUER:

1)THEATER

De 6. an de 7. Februar dann ass et esou weit da spillt de ganze Grupp Theater. Fir unzefänken spillt all Branche e klengt selwergeschriwend Stëck an duerno spillen d’Chef e flotten Dreiakter. Haalt iech den Datum scho frei a macht fill Reklamm well et gëtt bestemmt e flotten Owend.

2)Allerläschte Rappel Cotisatiounen:

Et gin nach ëmmer Leit déi d’Cotasatioun nach net bezuelt hun. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Den eelsten aus der Famill bezillt 15 Euro, déi aner bezueln 12 Euro.Iwerweist d’Suen w.e.g, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng => BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, fir d‘ Versammlung vum 10. Januar muss der vill Kréativiteit matbrengen well mer schreiwen eist Theatersteck. Fir d‘ Versammlung vum17. Januar muss dir och vill Geschecklechkeet matbrengen well do bastelen an baue mir eis Kulissen. Mir gesinn eis all Kéier vu 14°°-16°° um Prënzebierg. Duerno prouwe mir zu Péiteng am Home St.Hubert hei de Prouweplang:

Dënschdes den 13.1/ Donneschdes den 15.1/ Dënschdes den 20.1/ Donneschdes den 22.1/ Dënschdes den 27.1/ Donneschdes den 29.1/ Dënschdes den 3.1/ Donneschdes den 5.1 Mir prouwen all Kéier vun 16°°-17°°

 

Fir all d’Wëllefcher:

Leif Elteren an Wellefcher, endlech as et erem sou weit. (Blo)  Mir lueden iech Wellefcher an, un eisem Color-Spektakel deelzehuelen. (Gring) Et handelt sech hei em eisen traditionnellen Festival vun den Fuerwen. Een ultimativen Wettkampf em Éier an Ruhm. Mir fannen hei eraus wéieng Fuerw déi schéinsten, fuerwegsten, iwerhaapt dei bäschten ass. Den 10ten an de 17ten Januar ass d‘ Event (Roud) natirlech wéi gwewinnt vu 14°°-16°° um Prënzebierg. Mir spillen och gleich rem Theater soot dofir bescheed ob dir wellt matspillen. Hei de Prouweplang, d’Prouwe sin ëmmer am Home St.Hubert zu Péiteng.

Mettwochs de 14.1 vun 17.30-19°°/ Donneschdes den 15.1 17°°-18.30/ Méindes den 19.1 vun 17.30-19°°/ Donneschdes den 22.1 vun 17.30-19°°/ Méindes den 26.1 vun 17.30-19°°/

Donneschdes den 29.1 vun 17.30-19°°/ Méindes den 2.2 vun 17.30-19°°/ Donneschdes den 5.2 vun 17.30-19°°

 

 Fir all d’ AvEx:

Moien AvEx,Samschdes, den 10.01 an den 17.01 hu mir vun 14:00 bis 16:00 AuerVersammlung. Et ass wichteg, dass jiddereen, well mir wärten d’Rollenvum AvEx-Theatersteck verdeelen. Mir wärten och un de Kulissen schaffen, dofir doot Gezai un wat knaschteg kann ginn.

Hei de Prouweplang, d’Prouwe sin ëmmer am Home St.Hubert zu Péiteng.

Donneschdes den 8.116°°-17.30/ Mettwochs de 14.1 vun 16°°-17.30/ Donneschdes den 15.1 18.30-20°°/

Méindes den 19.1 vun 16°°-17.30/ Méindes den 2.2 vun 16°°-17.30/ Mettwochs de 4.2 vun 16°°-17.30

 

Fir all d’CaraPio:

Salut CaraPio, déi zwou nächst Versammlunge schaffe mer all Kéier vun 14-16 Auer an eisem Sall un eisem Theaterstéck “Eng schaumeg Affaire”. Maacht iech bis dohi scho Gedanken iwwer är Kostümer an d’Bühnendekoratioun.

Den 17. bis den 18. Januar ass Wanterhike. Mir treffen eis Samgdes de 17. Januar um 9:00 zu Dideleng um Parking vum Match.


Schluss ass Sonndes um 18:00 op der selwechter Plaz. Mir wanderen a maache flott Spiller ënnerwee op de Posten. Mir schlofen an enger Scheier am Frankräich.
Bréngt dat mat wat der fir eng Wanderung braucht, e Schlofsak, eng Carrymat oder ähnleches, a ganz wichteg: är Carte d’identité an eng ausgefëllten Fiche médicale.
De WE kascht 18€. Mellt iech beim Gilles Glod un, och wann der an der Versammlung scho sot der géift kommen.
Hei si puer Fotoe vum leschte Wanterhike:

no images were found

Fir déi wou net mat op de Wanterhike ginn: den 17. Januar ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Hei de Prouweplang vun eisen Theaterprouwen, mir prouwen zu Péiteng am Home St.Hubert

Dënschdes den 13.1/ Dënschdes den 20.1/ Freides den 23.1/ Dënschdes den 27.1/ Freides den 30.1/

Dënschdes den 3.2/ Mir prouwen all Kéier vun 18°°- 19.45 Auer

 

Fir all d’RaRo:

Moien dier fresch Motiveiert Raro 🙂 Mier hun den 10. Januar an den 17. Januar  Versammlung.Denkt drun eis Auerzeiten hun gewisselt op 16:30 – 18:30 !!

Den 17. Januar ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Den 23. Januar ass RaRo-Treff zu Bartreng. Infoen kommen no.

 

 Fir all d’Chef:

De 14.Januar ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem

 

Fir all d’Carapio,RaRo, matabechter,guildememberen an chef:

De 17. Januar ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.Elo schons en decke Merci fir all Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top