Informatiounsblad vum Mäerz – Abrëll 2015

Informatiounsblad vum Mäerz – Abrëll 2015

Programm

Sam. 21.02.: Buergbrennen [Org. Grupp]

Jiddereen ass häerzlech invitéiert um Buergbrennen deelzehuelen. De Fakelzuch geet um 18:30h ënnen am Wee (rue Belle-Vue) fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang.

Géint Honger an Duuscht ass gesuergt, de Grill steet schons prett.

D’Mataarbecht vun der Guilde beim Opriichten an Ofbrenne vun der Buerg gëtt, sou wéi all Joer, staark begréisst.

Don. 26.02.: Keelenowend

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Son. 1.03.: Sortie (nomëttes)

Trëppeltour vu Kënzeg iwwer Séilen zréck op Kënzeg, mat “Ravitaillement” an der Ferme des 4 Vents. Streck: 5,8 km

Rendez-vous zu Péiteng op der Maartplaz um 14:00h oder zu Kënzeg bei der Kierch um 14:15h.

Son. 8.03.: Scoutsresistenzdag zu Esch/Uelzecht.

LETZEBUERGER SCOUTEN an der Resistenz 1940 -1945

invitéieren op den

SCOUTSRESISTENZDAG

e Sonndeg, 8. Mäerz 2015

10:15 Auer : Rendez-vous zu Esch/Uelzecht bei der Grenzer Kierch

Nidderleeë vu Blummen an der Resistenzkapell

10:30 Auer : Mass fir all Affer vum Krich, zelebréiert vum Här Abbé Henri Hamus

No der Mass komme mir zesummen ënnert der Kierch, am grousse Wëllefcherssall, do wou den 15. August 1940 déi éischt Resistenzorganisatioun entstan ass.

Do hun mir eng kuerz Generalversammlung an et gëtt och e Patt servéiert.

13:00 Auer : Mëttegiëssen am Restaurant „Résidence LAVAL“,

Place de la Jeunesse Sacrifiée (fréieren Rond-Point bei der Schwemm);

Parking virum Haus.

Menü:

Amuse-bouche

Filet de Bar rôti sauce Pinot Noir

Carré de Veau Orloff

Pommes Macaires – Bouquetière de Légumes

Assiette de Mignardises

Fir 25,00 EUR

Déijéineg, déi sech wëlle fir d’Iessen umellen, kënnen daat bis spéitstens den 4. Mäerz iwwert den Tel. 55 61 95 (T. Jacoby) maachen.

Sam. 14.03.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Don. 26.03.: Keelenowend

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Don. 2.04.: Uucht

Um 20:00h zu Péiteng am Home. Eise Member Emil Angel referéiert iwwer de Schrëftsteller Karl May.

Sam. 11.04.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Son. 19.04.: Sortie (ganzen Dag, mam Privatauto)

A. (mueres) Trëppeltour ronderëm Capellen – Cap (6,5 km = 1½ Stonn)

Rendez-vous um 9:45h zu Péiteng op der Maartplaz oder um 10:15h beim Restaurant “L’Incontro”, 35 route d’Arlon, Capellen.

B. Mëttegiessen um 12:00h am Restaurant “L’Incontro”, à la carte.

C. (nomëttes) 14:30h: Visite vum “Musée international d’effets de police et gendarmerie”, 51 route d’Arlon, Capellen, mat Féierung (1½ Stonn). Entrée: 4,00 EUR / Kapp

D. Durno “Kaffee und Kuchen” zu Ollem (3 rue de l’Égalité, 8319 Olm) a Guirschen’s

Et kann een d’Programmpunkten alleguer oder och eenzel matmaachen.

Bei der Umellung mat ugi w.e.gl.

Umellung bis Dënschdes, 14.04.15 owes beim Roby Guirsch, GSM 691 300 295 oder SMS oder E-mail: nadine.roeder@education.lu

Don. 23.04.: Keelenowend

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Sam. 9.05.: Generalversammlung um 19:00h am Chalet um Prënzebierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top