Scoutsziedel bis de 14.März

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, an der nächster Versammlung gett gebaak, an déi Versammlung dono musst dir iech iwerraschen loossen waat kennt. Kommt dir op all alle Fall, de 7. an de 14. März vu 14°°-16°° op de Prenzebierg.

Rufft dem Annika w.e.g un, um 661121393  fir iech fir de W.E vum 21.bis den 22.März un oder of zemellen. Et wir léif wann d’Elteren eis och kéinte soen op sie beim Transport kennen hellefen.

Fir all d’Wëllefcher:

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger de 7. an de 14. März wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg. Sonndes den 22. Gi mir de ganzen Daag op eng Eeerjuegd, halt iech den Daag mol frei, am nächste Bréif gidd dir méi gewuer.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, hei sinn d’Informatiounen fir eise Weekend ma den Käerjenger. Ufank: Freides de 6.03 um 18:00 beim Scoutshome zu Kenzeg // Schluss: Sonndes den 8.03 um 11:30 rem beim Scoutshome zu Kenzeg. Den Scoutshome ass hannert dem Tennisterrain bei der Spillplaatz, direkt bei der Velospiste. Mir wieren frou wann dir ierch Kanner kéint dohinner brengen a rem siche kommen.

Matzehuelen sinn:

Uniform an Foulard/ Schlofsaak/ Carrymatte/ Loftmatratz, et sinn nämlech keng Better do/ Täscheluucht, Bidon mat Waasser/ Täschemesser (falls een eent huet)/ Pyjama/ Kleeder fir all Wiederkonditiounen/ fest Schung fir dobaussen/ Schlappen oder Turnschung fir dobannen/ Gamelle/ Geschirr + Spullduch/ klengt Handduch & Zähnbiicht/-seef/ e klengen Rucksaack/ AvEx-Pass/ Falls néideg: Medikamenter/ Jumbokaart, falls dir eng hutt/ Fiche médicale http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/F09A_fiche_medicale_enner_18_joer-11.pdf Den Weekend kascht 20 € op de Kapp.(bei Geschwester, ass et 5€ manner fir daat zweet Kand)

Samschdes de 14.03 hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg.

Eise Camp ass dest Joer vum 18.07-26.07. Sou kennt der iech desen Datum schons fraihaalen. Weider Infoen kommen demnächst.

Fir all d’CaraPio:

Léif CaraPio, den nächste Samgden, 7. März treffe mir eis vun 14-16:00 um Bierg. Mir kucke wéi et eisem Pizza-Uewe geet. De 14.März ass keng Versammlungan awer hu mir en decke Programm: Moies ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI! Owes an Nuets huele mir um NuetsRaid vun der FNEL deel. Well mir d’Auerzäit vum Départ nach net gesot kruten deele mir iech de Rendez-vous an der nächster Versammlung mat. Mir hunn emol ugefrot fir um 18:00 zu Péiteng op der Gare kënnen ze starten. Dat hei kënne mer iech awer scho soen:Mir sinn op geheimer Missioun am Süde vum Land ënnerwee. Mir schlofen an enger Haal. Matbréngen: Schlofsak, Carrymatt, Schlappen, Gamelle etc,  eventuell perséinlech Medikamenter, Fiche Médicale (http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/F09A_fiche_medicale_enner_18_joer-11.pdf), 10€ fir d’Participatioun, Täscheluucht, Jumbo-Kaart oder Ticketen, an alles wat der braucht fir e bëssen ze wanderen. Fir iessen Owes a Moies ass gesuergt.

Fir all d’RaRo:

Leif RaRo, déi nächst Versammlungen machen mier verschidden Atelieren an Workshops ( Schmieden, Froissetage, Paracord,Lieder, Kachen ….) Bis mier fäerdeg sin. Ennert aanerem kommen derteschend och e puer Spiller an Challengen an mier schwätzen bessi iwwert den Camp. Denkt drun eis Versammlung dauert vun 16:30 –  18: 30. An dorunner ierch emmer oofzemellen wann dier net kennt kommen. E Samschden den 14. März ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI!

Ennert aanerem kennt elo dei 1. Iwwerweisung fier den Camp mat 200 €. Bis den 22. Mäerz sollen des Suen iwwerwisen sin. Dest ass och äer Offizel Umelldung!

Vermierk: äeren Numm + Raro Holland Spuerkees : Staudt Kim LU73 0019 1755 6262 5000

Fir all d’Chef:

En Denschdeg den 10. März ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem

Fir all d’carapio,RaRo, Matabechter,Guildememberen an Chef:

De Samschden den 14. März ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.Elo schons en decke Merci fir all Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top