Programm vun der Guilde Mee – Juni 2015

 Don. 23.04.: Keelenowend

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

9.Mee Generalversammlung vun der Guilde um 19°° am Chalet um Prënzbierg

Ordre du jour:
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
3. Keessrapport vum Trésorier
4. Rapport vun de Keess-Kontroller
5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
6. Wale fir de Comité a Konfirmatioun vun de Keesskontroller

Austriedent an erëmwielbar sinn:
Brosius Norbert
Scherer Georges
Schlottert-Didier Martine
Schlottert Jean
Kandidature fir de Comité gi vum President entgéintgeholl.

7. Festleeë vun der Cotisatioun 2016/17
8. Aktivéitsrapport vum Gruppechef
9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten
10. Zoukënfteg Aktivitéiten
11. Divers
12. Agape (Lënsenzopp mat Mettwurscht, Taart a Kuch, Kaffi)  offréiert vun der Clubskeess, ausser dem Gedrénks

Don. 14.05. (Christi Himmelfahrt):

Sortie (ganzen Dag, mam Privatauto) op d’Scoutskirmes zu Bilschdrëf.  Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng op der Maartplaz.  Rendezvous B: um 10:55h zu L-8811 Bilsdorf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens
A. 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif
B. Mëttegiessen am Chalet.  Menü: Zopp, Fierkelshämmchen, Speckgromperen, Ierzen & Wuerzelen, Dessert aus der  Patisserie. Präis: 18.- EUR/Kapp  Umeldung beim Martine Schlottert bis den 7. 05.15,  Tel. 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott (at) pt.lu
C. “Promenade digestive” vun ± 2 Stonnen, Guide Georges Scherer
Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport. (Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)

Sam. 16.05.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Mon. 1.06.: Comité

um 20:00h zu Péiteng am Home

Mon. 8.06.: Keelenowend (ausnahmsweis Méindes)

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Sam. 13.06.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Fir an den Agenda:

11.07.: Pabeiersammlung
19.07.: Grillparty zu Duelem (Dahlem)
22.08.: Pabeiersammlung

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top