Scoutsziedel bis d’Paischtvakanz

 

Invitatioun Matarbechteriessen :

Des Invitatioun geet un all Leit an hir Partner déi eis ëmmer erem uechtert d’Joeren bei eisen Aktivitéiten op déi eng oder aner Art a Weis ënnerstetzen.

Mir freen eis e puer gemittlech Stonnen bei engem gudde Maufel a engen Patt mat iech verbrengen ze kennen. Duefir kommt de 16.Mee fir 19°° an den Home. Mellt iech w.e.g bis den 12.Mee beim Fredi Feller um 621472510 un a soot him och ob dir Vegétarier sidd.

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, de 9. an de 16.Mee vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass keng Versammlung bis no der Päischtvakanz. Mir hoffen dass ab elo rem nemmen gudd Wieder gett fir dass mir flott Versammlungen dobaussen kennen maachen.

Fir all d’Wëllefcher:

Entdecker an Erfinder. Wellkomm bei eiser Rees duerch d’Zeit. Dir wert des an die nächst Wochen all Kéiers dei eenmoleg Gelegenheet kréien d’Wonner vun deser Welt, live an an natura, bestaunen an begutachten ze kennen. Et as een sensationell Erfahrung dei dir kennt maan, awer och eng grouss Verantwortung dei domat ob Iech rouht. Sidd dofir virbereed! Treffpunkt as de 9. an de 16.Mee vun 14:00-16:00 é um Prënzebierg. Codewuert: Ech-gin-mat-ob-d’Rees! Duerno ass keng Versammlung bis no der Päischtvakanz.

français

A tous les découvreurs et inventeurs , soyez les bienvenus à notre voyage dans le temps. Vous aurez l’occasion unique pendant les prochaines semaines de découvrir et d’admirer les miracles de ce monde et ceci en direct ! Ce sera une expérience exceptionnelle mais aussi une grande responsabilité à assumer. Donc soyez prêts! Rendez-vous le 9 et 16 mai de 14.00 à 16:00 h au Prenzebierg. Mot de passe : Je-participe-au-voyage! 

On n’aura plus de réunion jusqu’après les vacances de Pentecôte.

Fir all d’ AvEx:

Samschdeg, den 09.05, hunn mer vun 14:00-17:00 Auer Versammlung, well mer en Zaubermëttel géint Verstängerrungen siche mussen an dat dauert e bëssen méi laang.

Donneschdes, den 14.05, ginn mir op e Rallye um Landjugenddag zu Heiweng (Hivange). Dat ganzt dauert vun 09:30-19:00. D’Chef sinn frou wann d’Elteren giffen ierch dohinner brengen an och rem sichen kommen. Et sinn Schelder dei ierch de Wee bei de Rallye weisen. Mat ze huelen ass: Picknick fir Mettes / 10€ fir d’Participatioun / dem Wierder no daat passend Gezai. Umellen kennt der ierch bis 09.05 beim Claire, um 691 309 108, per SMS oder wann der wellt uruffen dann just Moies !!

Samschdeg, den 16.05 hunn mer rëm normal Versammlung vun 14:00-16:00. Opruff un d’Elteren: wann dir den 16.05 Zäit hutt an eng Bitzmaschinn dann mellt iech beim Gilles (Tel: 621 688 422), mir kéinten déi Versammlung iech Hëllef gebrauchen.

Duerno ass keng Versammlung bis no der Päischtvakanz.

Camp-Info: falls een et soll verpasst hunn, eise Camp ass vum 18.07-26.07. Hei sinn lo nach nei Infos: de Camp ass zu Bothel an Daitschland, dat sinn +/- 600 km vun Péiteng fort, d’Chef hoffen awer dass der all derbäi sidd.

françaisSalut AvEx, 
samedi le 09.05 notre réunion durera de 14:00-17:00, parce qu’on cherchera un moyen de combattre un sort magique pétrifiant (raison pour laquelle la réunion durera une heure de plus).

Jeudi, le 14.05 nous participons à un rallye du ”Landjugendaag” à Hivange. Le rallye dure toute la journée de 09:30-19:00. Les chefs seraient ravis si les parents assurent le transport aller et retour. Le chemin est indiqué par des panneaux. Il faut amener: un picknick pour le déjeuner / 10 euro pour les frais de participations / des vêtements adaptés au temps. L’inscription est à faire jusqu’au plus tard le 09.05 auprès de Claire (691 309 108), per sms ou par coup de fil mais ceci uniquement le matin!

Samedi, 16:05 notre réunion aura lieu comme d’habitude de 14:00-16:00. Appel aux parents: si vous avez du temps le 16.05 et possédez une machine à coudre, veuillez contacter Gilles (621 688 422), durant cette réunion on aurait besoin de votre aide.

Info-Camp: le camp aura lieu du 18-26 juillet. Le Camp aura lieu en Allemagne, à Bothel. Ceci se trouve à peu près 600 km de Pétange. Les chefs espèrent que vous allez tous y participer:

 Fir all d’CaraPio:

Déi nächst zwou Versammlunge gesi mer eis Samgdes vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Ditt iech dem Wieder no un. Den 16. Mee ass och Pabeiersammlung a Matarbechteriessen, kuck bei “Fir all d’CaraPio, RaRo, Mataarbechter, Guildememberen a Chef”.

Den 23. Mee ass keng Versammlung.

Vum 22. bis den 26. Mee (an der Päischtvakanz) ass den MAD Reloaded Weekend, eng national CaraPio Aktivitéit. Déi wou sech ugemellt hunn kréien d’Detailer nach mat gedeelt (et si keng weider Umeldunge méiglech). Hei awer schonn dat Wichtegst: Départ ass Freides um 17:40 zu Péiteng op der Gare. Mir schlofe Freides an der Huellay bei Schëndels, vu Samgdes bis Dënschdes si mer an engem Chalet zu Weicherdéng. Retour ass Dënschdes géint Mëtteg. Dir kënnt och op http://lgs.lu/node/2357 méi Detailer liesen.

français  Nos deux réunions prochaines seront les samedis de 14:00-16:00 au Prënzebierg. Adaptez vos vëtements au temps. Le 16 mai nous participons aussi à la collecte de vieux papier et le dîner pour les collaborateurs est le même soir, lisez la section “Fir all d’CaraPio, RaRo, Mataarbechter, Guildememberen a Chef”.

Il n’y a pas de réunion le 23 mai.

Du 22 au 26 mai nous participons au week-end MAD Reloaded. Ceux qui se sont inscrits (le délai est passé) auront des détails en temps utile. Voici les informations les plus importantes: le départ sera le vendredi 22 mai à 17:40 à la gare de Pétange. Nous dormirons dans la Huellay à Schoenfels pour une nuit, ensuite du samedi au mardi nous serons dans chalet à Weicherdange. Le retour est le mardi à midi. Pour plus d’infos vous pouvez aussi consulter http://lgs.lu/node/2357.

Fir all d’RaRo:  

Samsden den 9. Mee hun mier Versammlung vun 16:30 bis 18:30. Brengt puer Ideen fier Camp Konstruktiounen an Floosbauen etc mat ( Pläng an Moossen).

Samsdes den 16. Mee . kuck bei “Fir all d’CaraPio, RaRo, Mataarbechter, Guildememberen a Chef”. Um 17°° Auer gin mir an den Home hellefen opriichten fier d‘Mataarbechter Iessen.

Fir all d’Carapio, RaRo, Matabechter, Guildememberen a Chef:

Samschdes de 16.Mee: Moies ass Pabeiersammlung r.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.Wichteg fir all d’Leit déi Accées hun fir d’Paart zu Lamadelaine: D’Telefonsnummer huet geännert déi nei ass: 0033 633 09 52 16

Owes ass Matarbechteriessen am Home. Liest bei Invitatioun Matarbechteriessen, mellt iech un, a sidd mat derbei!

Neies vun der Guilde:Den 9. Mee ass Generalversammlung um 19°° um Bierg. Détailer a fill weider Informatiounen fannt dir hei um Site enner “Guilde”

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top