Scoutsziedel bis den 13 Juni

Fir all d’Biber:

Moien léif  Biber mir mussen den 6. onbedingt kuken dassen mer deen Problem mam Wieder an den Greff kréien. Fir den 13. brauchen mer är ganz Kreativiteit D’Versammlungen sin also wei emmer fun 14:00-16:00 Auer um Prenzebierg Mellt iech wannechglift vir den Camp (16.07-19.07) beim Annika um 661121393 un. Den 4. Juli gin d Biber op den Bibertreff deen ass desst Joer zu Scheffleng Do maan mer lauter flott Spiller an léieren och villeicht nei Biberfamillen kennen. Détailer kommen no, et ass awer wichteg dass dir iech elo schons beim Annika umellt. Merci

français    Chers Castors,

pour s’inscrire au camp (16.07-19.07) il faudra prévenir Annika au numéro suivant 661121393. Le 4.juillet on ira au “Bibertreff” qui aura lieu à Schifflange. Il y aura plein de jeux et on fera de nouvelles connaissances avec des autres castors. Les détails seront publiés dans la prochaine lettre, mais il est important de s’inscrire auprès d’Annika. Merci

 

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wellef,

Gewinnt ass: Desen Samschden de 6.06 hun mir eng klassesch Versammlung vun 2 bis 4 zu Péiteng.

Schlecht ass: Nächsten Samschden den 13ten Juni hun mir KENG Versammlung.

Zimlech gutt ass: Dofir gin mir awer Sonnden den 14ten Juni op den Nationalen Wellefchersrallye. Dofir treffen mir eis moies zu Peiteng ob der Gare. An fueren mam Zuch an Bus ob den Zens. Leider hun mir nach keng genau Auerzeiten fir den Départ an Retour kritt. Soubaal mir déi awer wessen fant dir se um Internetsite : www.LGSPeiteng.com erem. Mathuelen musst dir just Foulard an/oder Uniform, een klengen Rucksack mat Iessen an Gedrenks fir deen ganzen Daach an vleit nach 18 Euro (12 Euro fir de Rallye an 6 Euro Täschegeld). Dir kennt Iech heifir beim Alex (691 177 773) unmellen.

Génial ass: Vun Sonndes dem 19ten Juli bis de Sonndes den 26ten Juli gin mir op Mersch ob den Summercamping.

 

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx,
Samschdes, den 06.06 an den 13.06 hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00.

Camp-Info: Dir kennt iech och ab elo fir de Camp umellen beim Fredi um 621 47 25 10 am beschten per SMS.

français

Salut AvEx,
samedi, 06.06 et 13.06 nos réunions se dérouleront comme d’habitude de 14:00-16:00.

Info-Camp: Vous pouvez inscrire votre enfant dès maintenant en contactant Fredi au 621 47 25 10 (de préférence par SMS).

Fir all d’CaraPio:

E Samgden den 6. Juni gi mir an d’PiKo Schwemm zu Rodange. RDV an Uniform a Foulard ass um 14:00 zu Péiteng beim Policebureau / Centre Culturel a Rousen. De Foulard ass wichteg well mer och schonn e puer Fotoe maachen déi mer un d’Organisateure vun eisem Summercamp schécke wëllen. Mat bréngen: 2 Busticketen oder Jumbokaart (wa mer net zu ze vill sinn fuere mer awer mat de Chef hiren Autoen), Schwammsaachen, Sonnecrème, 3.50€ fir d’Entrée. Mir sinn annerhallef Stonn an der Schwemm, Retour ass géint 17:00 beim Policebureau. De Samgden 13. Juni ass moies Pabeiersammlung.R.d.v. wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Mir brauchen DECH!! Nomettes ass normal Versammlung vun 14-16 Auer um Prënzebierg.

 

Fir all d’RaRo:  

Salut Ranger a Rover,

– Samsden den 6. Juni hu mir KENG Versammlung.

– Samsden den 13. Juni ass moies Pabeiersammlung.R.d.v. wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Mir brauchen DECH!!  Nomettes fuere mir zesummen op den Odyssee – Konveniat um Neihaischen. Mellt iech bis 5. Juni beim Kim (621197160) un. Mir machen Fahrgemeinschaften.Et gett en Park+ Ride. Ufank ab 15h d.h. mir fueren géint 14h.fort. Wichteg Uniform+Foulard! Weider Infoen op www.lgspeiteng.com a Facebook.

– Samsden den 20. Juni hun mier rem Versammlung wou mir weider mat eisen Atelieren maachen.

 

Fir all d’Carapio,RaRo, Matabechter,Guildememberen an Chef:

Samschdes de 13.Juni ass Pabeiersammlung r.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en decke Merci fir DENG Hëllef!

 

Neies vun der Guilde:All Informatiounen fannt dir op: www.lgspeiteng.com

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top