Guilde Programm Juli – August 2015

 Dën. 23.06.: Nationalfeierdag [Org. Gemeng Péiteng]

10:15h: Rassemblement bei der Gemeng a Cortège an d’Kierch

10:45h: Te Deum

11:15h: Cortège zeréck bei d’Gemeng

11:33h: Offiziellen Deel mat Usproochen, Éierungen an Éirewäin.

D’Bedeelegung vun der Guilde ass bei dëse Punkten erwënscht.

Nomëttes: Volleksfest an der Kierchstrooss an am Park. D’Scouten organiséiere Spiller am Park

fir d’Kanner. Dofir treffe sie sech um 15:30h beim Stadhaus. Och heibäi ass

d’Bedeelegung vun der Guilde erwënscht.

Sam. 11.07.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss. Well 2 Camionetten ausser

Betrib sinn, ass all anert Gefier wëllkomm.

Son. 19.07.: Sortie op Duelem

10:30h: Rendezvous zu Duelem (Garnech) bei der Famill Lippert, 8, rue de l’Ecole

Kuck de Croquis op der Säit 2 w.e.gl.

Promenade apéritive iwwer de Flouer

12:30h: Grillparty

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Jidderee participéiert un de Käschten.

Nomëttes: Gemittlecht Zesummesinn.

Umeldung: bis Freides 17.07. um Tel. 38 05 23 oder SMS op 691 975 679

19. – 26.07.: Wëllefchercamping zu Miersch [Org. Grupp]

D’Chef siche nach Personal fir an der Kachéquipe ze hëllefen. Eng gutt Geleeënheet fir

Guildemembren fir 1. eng BA ze maachen; 2. D’Campliewen hautno matz’erliewen (= Nostalgie-

Trip). Intressente kënne sech bei Alex Lutgen, GSM 691 177 773, melden, wou sie all Detailer

gewuer ginn.

Sam. 22.08.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

Son. 23.08.: Sortie op d’Musel

9:45h: Rendezvous bei der Kierch zu Schwéidsbeng.

10:00h: Visite vum Mediterrane Gaart (89, rte du vin) mat Féierung

12:00h: Iessen “à la carte” am Bistrot italien (58, rte du vin)

Nomëttes: Circuit Auto-pédestre 163 vun 5,5 km

Umeldung bis den 20. August beim Georges Scherer, Tel. 43 46 49

Et muss ee net alles matmaachen !!!

Mon. 24.08.: Comité

um 20:00h zu Péiteng am Home

Fir an den Agenda

19.09.15: Pabeiersammlung

24.09.15: Keelenowend

26.09.15: Scout fir een Dag. Dëst Joer soll dat Ganzt anescht opgezu ginn. D’Mataarbecht vun de Guilde-

Membren ass dowéinst net nëmme wëllkomm, mä och batter néideg. D’Guilde hëlleft beim Opan

Ofriichten a bekëmmert sech ëm alles, wat Läif a Séil zesummenhällt (Grill a Comptoir).

12, rue du Parc, L-4771 Pétange Mail: guilde-petange@pt.lu URL: http://lgspeiteng.lu/guilde

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top