Scoutsziedel bis den 31.Oktober

Fir all Biberen,Wellefcher, Avex, CaraPio, RaRo an Guildememberen  Vum 24-25 Oktober 2015 Montées W.E.

Wéi dir bestëmmt schons wesst, wiesslen bei der Montée déi eelst vun all Branche, an d’Branche driwwer. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mécht de ganze Grupp e W.E zu Péiteng am Scoutschalet.

Ufank vum W.E: Opgepasst et gin zwou verschidden Auerzeiten:

1) Fir d’AvEx déi d’Montée am d’CaraPio machen a fir d’CaraPio: Samgdes, de 24. Oktober um 9:00 um Prënzebierg. Bréngt eppes mat fir z’iesse fir mëttes op de Grill.

2)Fir all aner Memberen ass Samgdes, de 24. Oktober um 15:00 ënne beim Parking zwëschen Train 1900 an Eucosider.

Didd all är Uniform un .

Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ennerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, déck Schung, déi ausgefëllten Fiche Médicale(hei klicken F09A_fiche_medicale_enner_18_joer_1) a perséinlech Médikamenter. Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen. Fir d’AvEx, d’CaraPio/ Rover a Chef: Carry-Matte net vergiessen.
Umellen: Fir dass mir wessen fir wifill Leit mir kache sollen ass et wichteg, dass dir Iech bis den 17.10 ugemellt hut, (och d’Chef) mat enger SMS beim Kim Staudt 621197160. Schreift ären Numm an är Branche mat an d’SMS. Merci! Präis: De W.E kascht 20 Euro fir den eelsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g op der Plaatz.
Schluss: Mir si Sonndes um 15:00 Auer nees um Parking zwëschen dem Train 1900 an dem Eucosider.

Fir all d’Biber:

Hallo leif Biber den 17. ass rendez-vous vun 13:45-16:30 beim aale Pomjeesbau. Sief prett Péiteng ze entdecken. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Den 31. Oktober ass keng Versammlung.

français Chers castors,

le 17 octobre on se réunit de 13.45-16:30 au “Aale Pomjeesbau”. Soit prêt pour découvrir Pétange. Lis absolument le début de la lettre et rejoint nous au weekend. Le 31 octobre il n’y a pas de réunion.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, den 17. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prënzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Den 31. Oktober ass keng Versammlung.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, den 17. Oktober ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prënzebierg. Hoffentlech kommt der zu vill, well et ass fir e Koup vun ierch déi läscht AvEx Versammmlung. Déi Woch drop ass Montée.
Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Opgepasst déi Leit wou d’Montee machen, treffen sech den 24.10 schons um 9°° um Prenzebierg. Den 31. Oktober ass keng Versammlung.

Fir all d’CaraPio:

Salut léif CaraPio. den 17. Oktober ass moies Pabeiersammlung, r.d.v wéi emmer um 8.30 Auer op der Lengerstrooss, nomettes ass Versammlung vu 14°°-16°° um Prenzebierg. Lies onbedingt och den Ufank vum Ziedel a géi mat op de W.E. Opgepasst d’CaraPio treffen sech den 24.10 schons um 9°° um Prenzbierg, a gin vun do aus op de W.E. Den 31. Oktober ass keng Versammlung.

Fir all d’RaRo:

Hallo. Den 17.10 ass moies Pabeiersammlung r.d.v wéi emmer um 8.30 Auer op der Lengerstrooss, nomettes ass Lancement. No de Brancheversammlungen fueren mier direkt op d‘ Neihaischen. Well et fänkt um 17h un an hällt Sonmdes och um 17h op. Den Transport kritt dier nach gesoot. Et ass wichteg fier dei di op en Projet wellen dass se do sin! Um Montees WE – lies bei „fir iech alleguer“ – packen mir eng Hand mat un, so w.e.g dem Kim um 621197160 bescheed wanns du derbei bass.

Neies vun der Guilde:

Um Montees W.E packen mir eng Hand mat un, so w.e.g dem Kim um 621197160 bescheed wanns du derbei bass.

Fir all d’Carapio, d’Chef, d’Matarbecher an d‘Guildememberen:

De 17.10 ass Pabeiersammlung r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer op der Léngerstrooss.

Elo schonns een decke MERCI fir all Hëllef!!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top