Programm März – Abrël 2016

Frei. / Sam. 4./5. März: Theaterowenter [Org. Grupp]

Déi zwéi Deeg um 19:30h am Home. Et spillen:

Biber: „Biber dreemen och“

Wëllefcher: „LSGD“

AvEx: „Chef fir een Dag“

CaraPio: „Een déckt Ierwen“

Cheféquipe: dee lëschtegen 3-Akter „Eng Kur zu Mondorf“

De Präis ass 10.- € fir Erwuessener an 5.- € Euro fir d’Kanner (déi Kanner wou matspille musse natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis). Reservéiert hinnen awer eng Plaz mat; sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kënt är Plazen um 621 197 160 (Kim Staudt) reservéieren.

D’Guilde bekëmmert sech ëm d’Tombola. Dir kënt eis ënnerstëtzen andeems Dir e Cadeau maacht fir an d’Tombola. Dëse Cadeau kënt Dir beim Martine Schlottert, 22, rue du Parc, bis Donneschdes ofginn.

Merci am viraus.

Sam. 12. März: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Son. 13. März: Scoutresistenzdag zu Esch/Uelzecht [Org. LS an der Resistent asbl]

10:15h: Gedenkmass an der Grenzer Kierch fir all Affer vum Krich.

Duerno: Assemblée générale vun der „A.s.b.l. Lëtzebuerger Scouten an

der Resistenz“ am grousse Wëllefcherssall ënnert der Kierch. Et gëtt och e

Patt servéiert.

13:00h: Mëttegiessen am Restaurant „Résidence Laval“ (Fréiere Rondpoint

bei der Schwemm). Menu à 24.00 €

Umellen beim Théo Jacoby , Tel. 55 61 95

Mët. 16. März: Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Son. 20. März: Sortie

Mam Zuch, départ Péiteng 14:17h, op Schuller, an zu Fouss zeréck op Péiteng.

Sam. 9. Abrël: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Méin. 11. Abrël: Comité

um 20:00h am Home

Son.: 17. Abrël: Sortie op Longwy-Haut mat Visite-guidée vun den Iwwerreschter vun der Vaubans-Festung.

Rendez-vous A: 14:00h zu Péiteng op der Maartplaz.

Rendez-vous B: 14:30h zu Longwy-Haut, place Darche, beim ale Festungspëtz an der Mëtt vun der Plaz.

Visite guidée vun de Vestigen. Dauer 2½ – 3 St.. Präis: 5.-€/Pers.

Duerno: Agape (Ham, Fritten an Zalot, Glace à 19.-€) zu Péiteng am Home.

Umeldung: souwuel fir d’Visite guidée wéi fir d’Agape bei Schlottesch

Tel. 50 32 71 oder GSM 621 414 040 oder Mail: jschlott@pt.lu

bis Dënschdes, 12.04.2016

Don. 21. Abrël: Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Fir an den Agenda

Guilde-Generalversammlung: 30.04.

Scoute-Mass um Neiheisgen: 1.05.

Bilschdrëfer Kiermes: 5.05.

Pabeiersammlungen: 7.05.; 4.06.; 2.07.

Keelenowend: 15.06.

Cotisatioun 2016

Et ass erëm un der Zäit fir d’Cotisatioun vum lafende Joer ze bezuelen.

Fir eisem Caissier oder senger Madame d’Ofnotze vun hire Schongsuelen oder d’Verpolfere vu Sprit z’erspuere proposéiere mir Iech d’Méiglechkeet fir äre Beitrag vun 8.- € / Stot z’iwwerweisen op eise Bankkonto

IBAN: LU16 0019 5412 8936 4000

BIC: BCEELULL

En décke, fatzegen Tschiklaka am Numm vun de Buerschter Flüchtlinge fir déi Memberen a Frënn déi spontan a massiv Wanterschung gespend hunn.

M E R C I

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top