Scoutsziedel bis den 30.Abrëll 2016

Fir all d’Biber:

Sieft gespaant Super-Biber, mer hun Grousses fir. Déi gréisst Helden vun den Superhelden sin op enger Weltrees an een vun hieren Zweschenstops ass aus Zoufall hei an eisem klengen Lëtzebuerg an den Hotel wou sie iwernuechten ass och keen Hotel mee en Chalet (et muss méi gespuert gin!!!) D‘ Biber wären keng Biber wann sie déi Super-Superhelden nët géingen Welcome heeschen. Der musst onbedingt do sin.
P.S.: Vileicht gëtt ett jo en klengen Autogramm ?  Der musst onbedingt de 16., den 23.  an den 30.Abrëll vun 14:00-16:00 op de Prenzebierg kommen.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wellefcher, nodeems den Mario uewen op den Traapen ukomm as, an hien déi grouss schwéier Diir opgemaat hat, huet hien erréicht richteg erkannt wou en dru war. Donkeykongland. Donkey_KongWeit hannen huet een eng Stëmm héiren em Hellef rufen. … Dir gesidd de Samschden 16. Abrëll gidd dir all gebraucht, mir treffen eis dofir wei emmer vun 2 bis 4 um Bierg.

Den 23ten Abrell gin mir zesummen op den Wellefchersweekend, Hei sinn d’genau Detailer zum WE: Den WE kascht 30 € op de Kapp. De Weekend as am Chalet Ranch Moot zu Woltz. En geet moies um 10h30 un an dauert bis Sonndes  den 24. Abrëll 16h00, mir treffen eis all Kéier zu Péiteng op der Gare. Fir déi, déi nach net ugemellt sinn, sollen dat sou séier wei méiglech beim Alex um 691 177 773 maachen. Mat ze huelen sinn:
Fir den Chef oofzegin: Fiche médicale F09A hei cliquen, Kopie vun der Impfkaart/ Kopie vun der carte de sécurité sociale / Suen fir de WE.
Fir an de Rucksaak: Schlofsaack* Täschemesser* Gezei fir all Wieder fir 2Deeg* Wellefchersmethode (klengt gielt Buch)* Wäschtrousse* Déck Schung* Bidon*
Fir weider Infoen oder Froen kennt der den Alex um 691 177 773 erreechen, och während dem Weekend.

Den 30ten Abrell as keng Versammlung. Daat as den Weekend vum eischten Mee.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdeg, den 16.04 an den 23.04 , hu mer vun 14:00-16:00 Auer Versammlung. Kommt alleguer, well mir fänken eis nei Entreprise un.

Samschdes, den 30.04, machen mir mat beim Spill “Mister X”, wat an der Stad gespillt gett. Dat ganzt ass organiseiert vun den AvEx vu Kiem an dauert ongeféier vun 14:00-17:00. De Fredi schekt iech d’Détailer wann der iech ugemellt hut. Umellen kennt der ierch bis 19.04 beim Fredi, um 621 472 510, per SMS!

Camp-Info: Falls een et soll verpasst hunn, eise Camp ass vum 16.07-24.07. Weider Detailer kommen méi speit no.

Fir all d’CaraPio:

Flott dass der zu vill un der Pabeiersammlung konnt Deel huelen, mir si gutt viru komm.

Eis nächst Versammlung ass de Samschdeg den, 16. Abrëll vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Denkt drunn d’Material fir eis selwergemaachte Feierstarter mat ze brengen.

Sot w.e.g. dës Woch virun e Freideg engem CaraPio Chef Bescheed ob der interesséiert sidd fir mat op de Camp a Schweden ze goen.De Samgden, 23. Abrëll ass keng Versammlung.De Sonnden, 24. Abrëll ass JoCaPi zu Eschduerf. RDV ass Sonndes moies an aller fréi um 07:00 beim ale Pompjeesbau (rue de la Chiers). Mir fueren zesummen am Auto dohinn. Schluss vum JoCaPi ass gewéinlech géint 18:00. De Gilles bréngt iech owes heem. Den 30. Abrëll ass nees normal Versammlung.

Fir all d’RaRo: 

Leif RaRo, no der Ouschtervakanz starten mier erem Samsden den 16. Abrell mat eiser Versammlung déi vun 16-18h ass. Brengt Schaffhändschen, gudd Laun, schnessegt Mondwierk an äer Spiller mat (déi dir gesicht hudd, oder bis dohinner fannen sollt J (Mier schwätzen och iwwert Weekend an Hike asw) Samschdes den 23. an den 30. Abrëll hu mier all Kéier 16-18h Versammlung.

Fir all d’Chef:    

Den 26.04 ass Grupperot um 20°° beim Guy

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top