Scoutsziedel bis den 28.Mee

Fir iech alleguer:

20100521bealtaineDéi Lëtzbuerger Guiden a Scouten invitéiren iech alleguer de 14. an de 15. Mee op den Beltaine.
Dest asse e Keltefestival op Scoutsmanéier mat flotten Ateliersen, Keltescher Musek, Verkaafstänn an, an, an.
Samschdes ass op vun 11°°-22°° Auer a Sonndes vun 11°°bis 18°° Auer. Eis RaRo hëllefen ganz aktiv an d’Chef wärten all op Besuch kommen.
Détailer fannt dir op: http://bealtaine.lgs.lu/

Fir all d’Biber:

Leif Biber, um Phantasiabierg ass schon zenter laanger Zeit en Konflikt tescht den Feen an den Trollen deen emmer méi schlemm gett. Mer hun jo awer geléiert dass een emmer zesummen haalen muss. Der musst onbedingt an d’Versammlung kommen fier dass mir dese Streit kennen léisen an erem friddlech zesummen liewen. Mer zielen op dech de 7. an 28. Mee wéi emmer vun 14:00-16:00 um Phantasiabierg. De 14. an den 21. Mee as keng Versammlung do ass Païschtvakanz.

Fir all d’Wëllefcher

Dir Ritter an Ritterinnen, op eisem Weekend am déiwen Norden as gutt verlaaf, all d’Prinzessinen goufen gerett, Drachen verdriwen, jiddfereen deen soll verléift sin as verléift. Elo as et un der Zeit fir sech em dei nächst grouss Aventuren ze kemmeren. Dese Weekend fänken mir mat enger neier Aktiviteit un. Wei gewinnt as dofir de 7.Mee Versammlung vun 14°° bis 16°°Auer zu Péiteng um Prenzenbierg. De 14. an den 21.Mee as keng Versammlung do ass Païschtvakanz. Dann treffen mir eis als nächst den 28ten Mee wéi emmer vu 14°°-16°° Auer um Bierg.  Bis den Samschden fir all déi anner schein Vakanz gewenscht. Är Lieblingschef

Fir all d’ AvEx

Salut AvEx, Samschdeg, den 7.05 hu mer vun 14:00-16:00 Auer Versammlung. Kommt alleguer, well et wärt eis lächst Versammlung vun der Expeditioun “Scoutstechnicken” sinn an d’Chef hunn eppes extra flottes virbereed

De 14. an den 21.Mee as keng Versammlung do ass Païschtvakanz. Dann treffen mir eis als nächst den 28ten Mee wéi ëmmer vu 14°°-16°° Auer um Bierg. Mir wärten do sou lues a lues eis op den Camp virbereeden.

Camp-Info: Dir kennt ierch ab elo umellen fir de Camp. Mellt ierch bis den 28.05 beim Fredi un, um 621 472 510, per SMS ! Weider Detailer kommen mei speit no.

Fir all d’CaraPio:

Schweden

Bis den 10. Mee brauche mer en éischten Acompte fir de Camp a Schweden. Iwwerweist d’Sue w.e.g.  op eise Konto:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000.
100€
Mentioun “Schweden 1 [Numm vum CaraPio]”

Mir hunn de komplette Präis vum Camp nach net ausgerechent. Wat mer iech scho soe kënnen ass dass de Flug pro Persoun 278€ TTC kascht. Den Datum vum Camp ass elo fest: mir verreese vum 18.7. bis de 25.7. 2016. E Samgden den 11. Juni kënnt dir an är Elteren iech d’Zäit vu 16:00-17:00 no der Versammlung fräi halen: do ziele mer iech Detailer iwwer eise Camp a Schweden déi net op e Scoutsziedel passen a mir äntweren op är Froen.

Versammlungen:

Samgden de 7. Mee ass Pabeiersammlung. Et ass wichteg dass mer erëm zu vill do sinn fir eist bäi droen ze kënnen zum Grupp dee jo eise Camp ënnerstëtzt. Mëttes ass keng Versammlung: är Chef huelen Deel um Iron Chef, dat sinn d’Virbereedungen vum Iron Scout.

Samgden de 14. Mee ass keng Versammlung well do d’Vakanz ufänkt. Mir schloen iech fir dass der är wëchentlech Scoutsdosis um Bealtaine Festival asammelt! http://bealtaine.lgs.lu/

Samgden den 21. Mee ass keng Versammlung well Vakanz ass.

Samgden den 28. Mee ass keng Versammlung well mer um Iron Scout* deel huelen.

E Samgden de 4. Juni ass also eréischt eis nächst normal Versammlung. Bréngt alleguer e Spill vu 5 Minutte mat. Mer wärten eis haptsächlech mat äre Wënsch fir Aktivitéiten um Camp beschäftegen.

*Infos fir den Iron Scout

Mir trëppelen bannent 24 Stonne fir de gudden Zweck bis zu 65km duerch de Süde vum Land.

Rendez-vous fir déi wou ugemellt sinn, an Uniform, ass Freides de 28. Mee um 19:00 am Soutschalet zu Kayl (153 rue Notre Dame L-3621 Kayl). Schluss ass Sonndes am spéide moien, wou är Elteren iech nees kënne siche kommen. Mathuelen (ënnert anerem): Carrymatt, Schlofsak, Medikamenter, Wäschsaachen, Gamelle (mat Besteck a Becher), Picnic fir Freides Owes, 1 Kichenduch, groussen a klenge Rucksak, Täschelut, Warnwest, Bidon, gutt Wanderschung, eng ausgefëllte Fiche médicale F09 (lgspeiteng.lu/doc), an e prall gefëlltent Sponsoreblat (http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/IS2016-Sponsors.pdf).

Den Trailer vum leschte Joer fannt der hei: http://lgspeiteng.lu/3636

Fir all d’RaRo

Mier hun jo lo bessi gesammelt wat mier sou maachen dei nächst Wochen.

Den 7. Mee Pabeiersammlung . 8h30 rdv op der Lengerstross.

Den 14. – 16. Mee Weekend um Bealtaine, Neihaischen. Rdv um 6h30 op der Gare(jo sou freih, mee dofir gett et Kaffi an croissant 🙂 ) Matbrengen : Foulard + Uniform, Suen oder Kaart fier Zuch Ticket, Gezei fier den Weekend ( ween eppes Keltesches hurt kann dat och matbrengen) Perseinlech Sachen, Wäschsaachen Schloofsack,Carrymatte, Vill Suen 😉 Gamell + Besteck. Bei wieder froen melkt ierch beim Kim.

Den 21. Mee maachen mier eisen Nuetshike . Rdv. um 19h bei der Frittebud zu Athus Matbrengen: Suen an soss alles waat den fier en Hike / Weekend brauch. Wieder Infoen kommen op Facebook an op eisen Site no.

Den 28. Mee hun mier Versammlung vun 16-18h.

Fir all d’CaraPio,Matarbechter,RaRo,Chef a Guildememberen

Den 7. Mee Pabeiersammlung . 8h30 rdv op der Lengerstross. Geff dengem Härz e Stouss a paack eng oder zwou Hänn mat un J MERCI

Fir all d’Chef

Denschdes de 17.05 ass Grupperot um 20°° beim Guy.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top