Donneschdeg, den 21. Abrëll 2016: Keelenowend
Uspill um 20.00h am Café Müller zu Lampech
Sonndeg, den 1. Mee 2016: Scoutsmass
Zu Neiheisgen an der Kapell ass Scoutsmass mat Nidderleeë vu Blummen bei der Gedenkplack fir d’Krichsaffer [Org. Comité Neiheisgen]
Donneschdeg, den 5. Mee 2016: Sortie (Christi Himmelfahrt)
Mir ginn op d’Scoutskirmes zu Bilschdrëf (ganzen Dag, mam Privatauto)
Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng op der Maartplaz
Rendezvous B: um 10:55h Zu Bilschdrëf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens
A: 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif
B: Mëttegiessen am Chalet.
Menü: Kiermeszopp, Kallefsbrëschtchen, Speckgromperen, Brockelcher, Zalot an Dessert
Präis: 22.- EUR
Umeldung beim Martine Schlottert bis den 30.04.16
Tel.: 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu
C: „Promenade digestive“ vun ca. 2 Szonnen, Guide Georges Scherer
Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport.
(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)
Samschdeg, den 7. Mee 2016: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstross.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
14./15. Mee 2016: 7. Bealtaine-Festival zu Neiheisgen [Org. LGS]
Keltescht Fest an a ronderëm d’Keltenhaus mat enger Onmass vun Aktivitéiten.
Oppassen: Et kënnt ee nëmme mat Busnavetten dohin.
Detailer an der Press an am Internet http//bealtaine.lgs.lu
Samschdeg, den 28. Mee 2016 Sortie op Waasserbëlleg – Mertert – Gréivenmaacher
Rendezvous A: Gare Péiteng, Zuch an d’Stad, dep. 8:31h
Rendezvous B: Gare Lëtzebuerg, Zuch op Waasserbëlleg, dep. 9:10h
Rendezvous C: Gare Waasserbëlleg um 9:50h. Zu Fouss bei den Aquarium (500 m)
Visite vum Aquarium (3.- EUR). Duerno zu Fouss laanscht d’Musel op Mertert an den Park (3 km)
Mëttegiessen am Restaurant vum Camping Mertert.
Menü: Orloff, Fritten, Geméis an Zalot, Taart a Kaffi fir 25,00 EUR
Méiglechkeet fir nom Iessen heem ze fueren: Zuch all Stonn um h:10
Mam Bus 483 op Gréivenmaacher bei den Päiperléksgaard, dep. 14:20h – arr. 14:23h
Alternativ: Fir Amateuren e Foussstour vun ca. 5 km op Gréivenmaacher.
Visite vum Päiperleksgaard (7.- EUR)
Mam Bus 483 zerèck op Waasserbëlleg, dep. All Stonn um h:52
Mam Zuch zeréck an d’Stad an op Péiteng.
Umeldung (fir d’Iessen) bei Peiffesch bis Mëttwochs 25.05.16 um 12.00h
Tel. 50 21 03 oder Mail guilde-petange@pt.lu
Samschdeg, den 4. Juni 2016: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstross.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Sonndeg, den 5. Juni 2016. Wëllefchersrallye zu Hesper [Org. LGS]
De Péitenger Grupp ass mat un der Organisatioun bedeelegt. Et gi nach Leit gesicht fir déi eenzel Spiller z’iwwerwaachen.
– Appel cordial aux amateurs –
Informatiounen an Detailer beim Claire Dording GSM 621 683 999
Méindeg, den 13. Juni 2016 : Comité
um 20:00h am Home
Mëttwoch, den 15. Juni 2016: Keelenowend mat Agape
Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.
Menü: Assiette, Fritten an Zalot fir 22.- EUR
Umelle bis Méindes, den 13.06.16, 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu