Infoziedel Januar 2018

Fir Iech alleguer :

Leschten Rappell fir  d‘Cotisatiounen

Fir e puer Kanner/Jugendlecher ass d’Cotisatioun nach net bezuelt ginn. Léif Elteren maacht dat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sinn! Iwwerweist w.e.g 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto: LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner

Infoziedel

Wann dier dësen Infoziedel net méi an Pabeierformat vun der Post kréien wëllt, dann gitt mer einfach är Email-Adress (per Email op claire.dording@gmail.com oder per Telefon : 621683999), fir den Ziedel per Email geschéckt ze kréien. Et besteet natierlech och ëmmer nach d‘Meiglechkeet den Ziedel op eisen Site www.lgspeiteng.lu liesen ze goen, wou en och nach zousätzlech op Franséisch iwwersat gëtt

Fir d’Biber :

Den 6 an den 13 Januar hunn mir wéi gewinnt Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Prënzenbierg. Gespaant wat dat neit Thema ass ??  Dann kommt an d‘Versammlung, do gitt der et gewuer 😉

Fir d’Wëllef :

Alles Guddes am neien Joer gewënscht! Den 6. an den 13. Januar ass wéi gewinnt Versammlung vun 14-16 Auer. Denkt drun: wann et kal ass dann ditt iech entspriechend un, an wann Schnéi läit dann kennt dir een Schlitt matbréngen

Fir d’Avex :

Mir hunn Samschdes, den 6.01 an den 13.01 Versammlung vun 14:00-16:00.  Mir fänken do mat den Préparatiounen fir den Theater un, well et sinn nëmmen nach 2 Méint bis mer spillen. Kommt w.e.g zuvill, dann kennen mer e coolt Theatersteck schreiwen. Hei nach eppes fir op de Kalenner: eise Camp ass dëst Joer vum 21.07-29.07

Fier d’Carapio :

E Samschden, 6. Januar hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Kuckt bei “Fir d’Matarbeschter,…” Nomëttes hu mer Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Well d’Versammlung virun der Vakanz ausgefall war, huele mer deen d’Dag d’Wichtelen no: Bréngt e klenge Kado mat (selwer gemaach, max. 5€ wäert). Mir wëllen och iwwer de Stand vum Theaterstéck kucken a Rolle verdeelen. Ween net kann do sinn soll sech of mellen an dee Moment och soen ob en am Theater (2. a 3. März) mat spillt.

Bis den 8. Januar kënnt der eng Bestellung opginn fir e CaraPio Süden T-Shirt mat ärem Numm / Spëtznumm um Réck. Déi meescht vun iech hunn hir Gréisst an Numm/Spëtznumm schon uginn, also musst der just nach rechtzäiteg e Virement maachen:

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

15€, Vermierk: T-Shirt + Numm vum CaraPio

Den 13. Januar ass keng Versammlung wéinst der CaraPio eXtrem Night. RDV fir déi déi ugemellt sinn ass an Uniform den 13.1. um 9:05 zu Péiteng op der Gare. Do huelt der eleng ouni Chef den RB4734 vun 9:15 bis an d’Stat. Waart bei der Stater Gare virum Delhaize: de Gilles kënnt iech dohi mam Auto sichen. Mir iwwernuechten um Neihaischen. Während dem Nuetsraid sidd der an Ekippe vu 4-6 Leit ouni Chef ënnerwee, vu 17 bis 01 Auer. Ënnerwee kritt der z’iessen. Matbréngen: Gamelle, Becher, Läffelsgeschir, Bidon (1L), Spullduch, Uniform a Foulard (undoen), Mutz, Schal, Händschen, Wanderschong, waarm Kleeder fir bei all Wieder dobaussen, Ersatzkleeder, Schlappe fir am Chalet, Schlofsak (keng Matratz), Täscheluucht mat neie Batterien (en Handy ass keng Täscheluucht), e klenge Rucksak fir ënnerwee, Bic a Bloc, perséinlech Medikamenter, e Sécherheetsgilet, eng ausgefëllt Fiche Médicale F09A (lgspeiteng.lu/doc). Schluss ass Sonndes géint 11 Auer, dono bréngt de Gilles iech mam Auto nees heem.

De JoCaPi Rallye fir all d’CaraPio vu Lëtzebuerg ass dëst Joer de Sonnden, 25. Mäerz zu Niederanven (d’Gewënner vum leschte Joer) an dauert vu 7:40 bis 18:43. Detailer kommen no, mä dir musst iech schonn umelle bis den 22. Januar mat engem Virement.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

15€, Vermierk: JoCaPi + Numm vum CaraPio

Déi 11. Editioun vum Iron Scout (65km Wanderung) fir CaraPio ass dëst Joer vum 13.-15. Abrëll. D’ Detailer an den Delai fir d’Umeldung kommen eréischt méi spéit, mä haalt iech dee Weekend scho fräi.

Fir d’RaRo : 

Den Samschden 6 Januar as keng Versammlung well mer op der Pabeiersammlung hëllefen, kuckt dofir bei „ Fier d’Carapio, RaRo,….“. Den 13 Januar ass dann erëm eng normal Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen:

Eis nächst Versammlung ass den Freiden 12. Januar um 19:00 Auer um Prënzenbierg. Bréngt alleguer e puer Ideen mat wat mer nach kennen fir den Summercamp 2018 ënnerhuelen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Dësen Samschden den 6 Januar ass déi eicht Pabeiersammlung fir d’Joer 2018. Och des Joer ass DENG Hëllef natierlech wëllkomm. Rdv um 8:30 Auer an der Lengerstroos.

Fir op de Kalenner: Hei d’Pabeiersammlungen fir dat ganzt Joer 2018: 3 Februar,10 Mäerz,7 Abrëll,5 Mee,2 Juni, 7 Juli,11 August,15 September,13 Oktober,10 November, 8 Dezember

Fir d’Chef

Den Dënschden 9 Januar ass Grupperoot um 20h  am Avexsall.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top