Infoziedel Buergbrennen 2018

Fir Iech alleguer :

Invitatioun fier d’Buergbrennen:

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg de 17 Februar. Den Fakelzuch geet um 18.30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Theater

Wéi Dir alleguer wësst, spille mir den 2. an de 3. Mäerz Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

Biber: Mario & Peter e ganz neit Abenteuer

Wëllefcher: Grouss Klassiker

AvEx: Am Restaurant

CaraPio: Scouten a fräier Wildnis

D’Cheféquipe an Mataarbechter spillen e lëschtegen 3- Akter vum Jennifer Hülser:

Mord aus Versinn

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen, no 18 Auer um 621 814 883 reservéieren.

P.S. Wann dir eis e bësse wëllt ënnerstëtzen, da kennt der Ärem Kand einfach bis den 1. Mäerz e klenge Cadeau fir an d’Tombola mat a Prouf ginn. Villmools Merci am virau

Fir d’Biber :

Den Theater ass net méi wäit, an dofir wiere mer frou wann dir sou oft wie méiglech a Versammlung komme kéint fir dass mer dat übe kennen. Samschdes den 3 Februar hunn mer normal Versammlung vun 14h-16h um Prënzebierg. Samschdes den 10 Februar fänke mer mat de Prouwen un, mir gesinn eis dofir vun 14h-16h um Prënzebierg. Eis Prouwen am Home St.Hubert sin Freides den 02.02 an den 23.02 vun 18:00-19:30 Auer an eis Generalprouf ass den Donneschden 01.03 vun 18:00-19:00 och am Home. De Samschden 17 Februar hunn mer Buergbrennen (kuckt bei „Fier Iech alleguer“), mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt.

Fir d’Wëllef :

De Samschden 3. Februar hunn mer wei gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzenbierg, wou mer weider un de Kulisse schaffen. Den 10 Februar ass keng Versammlung wéinst der Vakanz, Eis Prouwe fir den Theater sinn ëmmer Dënschdes an Donneschdes vun 17h30 bis 19h00 an Home St. Hubert zu Péiteng. Mir prouwen: 6. Feb, 8. Feb, 20 Feb, 22 Feb, 26 Feb, Generalprouf mat Verkleedungen ass den Dënschden 27. Februar vu 17h30 bis19h00. Fir mat ze spille wär et gutt wann dir kéint bei souvill wei méiglech Prouwen derbäi sinn. De Samschden 17 Februar hunn mer Buergbrennen; mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt.  Fir op den Kalenner: Eise Summercamp ass vum 22- 28 Juli zu Iechternach. Halt Iech des Woch emol fräi.

Fir d’Avex :

Salut AvEx, Samschdes den 3.02 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00. Mir maachen eis Kulisse fäerdeg a wäerten och d’ Rolle verdeelen. Samschdes den 10.02 ass keng Versammlung. Eis Prouwen si Mëttwochs, den 14.02 /21.02 / 28.02 vun 18:00-19:00 a Freides, den 16.02 / 23.02 vun 17:00-18:00 am Home St. Hubert zu Péiteng. Den 17 Februar ass Buergbrennen, do gesi mer eis um 15°°  um Bierg, a mir bleiwen do bis d’Buerg brennt.

Fir d’Carapio :

Den 03. Februar hunn mir normal Versammlung vun 14-16h. Den 03. Februar ass och Pabeier-sammlung. Kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…. Prouwen fir op de Kalenner:  6. Feb, 8 Feb ,20 Feb,22 Feb, 27 Feb a Generalprouf ass den 1 Mäerz. Alles am Home vun 19:00- 20:00. De Samschden 10 Februar ass keng Versammlung, an de Samschden den 17 Februar ass Buergbrennen.Kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“.

Fir d’RaRo : 

Den 03. Februar ass Pabeiersammlung moies an duerfir hunn mir da mëttes keng Versammlung. Denkt un d’RaRo-Alba Versammlung den Freiden 9 Februar um 19h um Prënzebierg, wou mer eise gemeinsame Summercamp plangen. De Samschden 17 Februar ass Buergbrennen. Kuck dofir bei “Fir d’CaraPio, RaRo,…“.

Fir d’Albatrossen:

Eis nächst Versammlung ass den Freiden 9. Februar um 19:00 Auer um Prënzenbierg fir de RaRo/Alba-Camping ze plangen. Dann gesi mer eis de Samschden 17 Februar fir d‘Buergbrenne wou all Hänn gebraucht ginn. Kuck dofir bei “Fir d’CaraPio, RaRo,…“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 03. Februar ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. Komm maach mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

Samschdes den 17 Februar riichten mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet.

Fir d‘Chef: Den nächste Gruppenroot as den 7 Februar um 20:00 um Prënzebierg.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top