Ziedel bis d'Kavalkad 2018

Fir Iech alleguer :

Scoutstheater

Wéi Dir alleguer wësst, spille mir den 02. an den 03. Mäerz Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

Biber: Mario& Peter , e ganzt neit Abenteuer

Wëllefcher: Grouss Klassiker

AvEx: Am Restaurant

CaraPio: Scouten a fraier Wildnis

D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter:

Mord aus Versinn

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Präis ass 10 € fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed.  Dir kennt Är Platzen,  elo um 621 814 883 no 18 Auer reservéieren.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Kavalkad:

Mir maachen dëst Joer bei der 63ter Kavalkad zu Péiteng mat. Eise Woon gëtt ganz am Thema „Pabeiersammlung zu Péiteng“ gerëscht. All Kanner an Jugendlecher, déi wëlle matgoe sollen hir Uniform undoen, a kennen sech gären zu dësem Thema verkleeden (als Kartongskëscht, Zeitung, …). Mir treffen eis den Sonnden 11 Mäerz um 13:00 Auer zu Péiteng bei der Sportshal Bim Diederich, vun do geet dann de Cortège lass. Schluss ass nom Cortège beim groussen Zelt op der Maartplaz.

Fir d’Biber :

De Samschden 24 Februar treffe mir eis wéi gewinnt vun 14-16h um Prënzenbierg. Et ass wichteg, dass dir all do sidd well mir nach fläisseg fir den Theater prouwen. Vergiesst och net dass mer den 23.02 an den 01.03 am Home prouwen. Den 10.03 as dann erem eng normal Versammlung wou mir eis vu 14h-16h am Chalet gesinn. Dëst Joer maachen d`Péitenger Scoute bei der Kavalkad den 11 Mäerz mat. Wann dir och bei dësem Event wëllt derbäi sinn, da mellt iech beim Anna (621 754 360) un. D‘ Thema ass Pabeiersammlung , dh der kennt iech wie eng Këscht verkleeden , d’Uniform an de Foulard undoen oder eng aner kreativ Idee déi eppes mat der Pabeiersammlung ze dinn huet.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllefcher de 24. Februar schaffe mir weider un eise Kulissen. Mir hunn also Versammlung vu 14 bis 16 Auer um Prënzenbierg. Falls Schnéi leit kennt dir och ee Schlitt matbréngen.  Eis nächst Prouwe sinn den 20.02, 22.02, 26.02 an 27.02 vu 17:30-19:00 am Home.  Den 02. an 03. Mäerz ass keng Versammlung do ass jo eisen Theateroptrëtt. Kuckt uewe bei „Fir Iech alleguer“. Den 10 Mäerz hunn mer normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. Den 11. Mäerz ass et endlech esou weit, mir ginn op der Kavalkad zu Péiteng mat. Mellt Iech w.e.g. beim Alex (691 177 773) wann der wëllt matgoen. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

Fir d’Avex :

De Samschden, de 24.02 hunn mer keng Versammlung well Owes den Nuetsrallye ass. Hei déi läscht Infos dozou: Départ ass um 17:30 zu Péiteng op der Gare, d’Avex iwwer 12 sollen hir Schülerkaart matbrénge Fir den Retour wieren d’Chef frou, wann d’Elteren iech géint 00:30 bei der gëlle Fra (place de la Constitution) ofhuele kommen // Matzehuelen ass: e Bidon mat Waasser / Picknick fir Owes, e Läffel, Gamelle + Becher, et gëtt zum Schluss vum Rallye Zopp an Téi / Ganz wichteg ass dass jidderee soll säi Foulard un hunn an dem Wierder ugepasst ugedoe sinn. De Rallye geet duerch d’Staat an d’Chef trëppele mat den AvEx. Samschdes, den 03.03 ass keng Versammlung wéinst dem Theater. Zur Erënnerung: eis nächst Prouwe sinn den 21.02 an 28.02 vun 18:00-19:00 an den 23.02 vu 17:00-18:00. Sidd w.e.g. pünktlech a léiert schonn ären Text. Samschdes, den 10.03 ass Versammlung vu 14:00-16:00, mir preparéieren eis do fir d’Kavalkad. Kuckt dofir och bei „ Fir Iech alleguer“.

Fier d’Carapio :

Camp

Dir hutt iech entscheet dëst Joer e Camp Volant an Estland ze maachen. Mir sinn nach um Ufank vun eise Virbereedunge, mä wëllen iech awer schonn eng Iddi ginn. Mir verreese gär fir eng gutt Woch. Dës Zäit fält zwechen den 13. an den 29. Juli. Mir probéieren eis de Präis vun eisem Camp Volant a Schweden (Fotoen: lgspeiteng.lu/7290) als iewescht Limitt ze setzen: 400€.

Well mer eis mussen ëm Reservatiounen an Transport këmmeren froe mer en éischten Acompte vun 100€ bis den 23. Februar.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 100€ Mentioun “Estland 1 [Numm vum CaraPio]”

Iron Scout

Wéi ugekënnegt ass déi 11. Editioun vum Iron Scout zu Bilschdrëff vum 13. Abrëll Owes bis den 15. Abrëll Mëttes. Dat ass de leschte Weekend vun der Ouschtervakanz. Mir wanderen 65km ronderëm de Stauséi a 24 Stonnen. En Trailer fannt der hei: lgspeiteng.lu/3636 . Dat ganzt ass fir e gudden Zweck: mir ënnerstëtze “Make-a-Wish Luxembourg”. Dir kritt en Dokument fir Sponsoren ze sichen an eiser nächster Versammlung, mä wann der elo scho wëllt ufänke kënnt der et och hei erof lueden an ausdrécken: lgspeiteng.lu/8274 .

Fir dass mer eise Grupp kënnen umelle brauche mer äre Virement bis den 23. Februar.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 30€ Mentioun “Iron Scout [Numm vum CaraPio]”

Theater

Mir hu Prouf all Kéier vun 19:00-20:00 den 20.2, 22.2., 27.2 an 1.3 am Home. Denkt un är Requisiten a Kostümer. Déi zwee Deeg vum Theater verkafe mer Gebäck fir eise Summer Camp ze finanzéieren. Iwwerleet iech wat der wëllt bake fir dass mer net all dat selwecht maachen. Mir gesinn eis Freides schonn um 17:00 fir ze Hëllefen op ze riichten an eise Stand vir ze bereeden.

Versammlungen

De Samschden 24. Februar gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir maachen eis Requisite fäerdeg a wielen eng nei Entreprise fir no dem Theater.

De Samschden 10. Mäerz gesi mer eis um 8:30 op der Léngerstrooss fir bei der Pabeiersammlung ze hëllefen. Vun 14:00-16:00 benotze mer e bësse Kartong vu moies a bastelen eis Verkleedung fir den Dag drop bei der Kavalkade deel ze huelen. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

Fir d’RaRo :  

De 24 Februar hunn mer Versammlung um 16:15h fir d’Platz vun der Buerg ze botzen, also bréngt Schaffhändsche mat. Den 02. an den 03. Mäerz ass Theater kuckt dofir och bei „Fir d’CaraPio, RaRo, …“ .  Den 10. Mäerz ass Pabeiersammlung moies.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De 02 an 03. Mäerz ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou ewéi em d’ofriichten. Rdv vu  17°° un am Home.

De Samschden 10. Mäerz ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. Sammelt och fläisseg Kartongskëschte fir d’Kavalkad. Elo schonns Merci fir är Hëllef.

Fir d’Chef:

Den Mëttwoch 7 Mäerz ass Grupperoot um 20h am Avexsall.

Den 10. Mäerz treffe mer eis no de Versammlunge fir de Woon fir Kavalkad ze preparéieren.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top