Infoziedel fir Mee 2018

Fir Iech alleguer :

De Weekend vum 19-20 Mee organiséieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten den Kelten-FestivalBealtaine um Neihaischen. Dir sidd all invitéiert mat der ganzer Famill kucken ze kommen, Workshops matzemaachen a keltescher Musek nozelauschteren. E puer vun eise RaRo an Albatrosse wäerten och mathëllefen a freeën sech op äre Besuch. Méi Informatioune fannt der op  https://bealtaine.lgs.lu/.

Fir d’Biber :

Hallo dier Biber, eis Weltrees geet nees wieder. Wëllt dir wësse wéie Kontinent iech erwaart? Ma da kommt de 05.Mee vu 14-16h op de Prënzenbierg. Den 12.Mee gi mir op de Gaalgebierg op Esch. Fir déi di nach net ugemellt sinn, maacht dat nach beim Anna (621 76 43 60). Rendez-vous ass um 8:30h op der Péitenger Gare. Fir matzehuelen: Picknick, Sonnecrème, K-way, Bidon mat Waasser, alles an engem klenge Rucksak agepaakt (deen si och packen), ditt iech natierlech dem Wieder no un. Retour ass da géint 14:30h op der Péitenger Gare. Den 19 a 26 Mee ass d’Päischtvakanz, do ass dann keng Versammlung.

Fir d’Wëllef :

Den nächste Samschden ass keng Versammlung well mir Sonndes de 06. Mee op Suessem op den nationale Wëllefchersrallye ginn. Dofir treffe mir eis Sonndes moies um 7h45 zu Péiteng op der Maartplaz an huelen do de Bus. Huelt ee klenge Rucksak mat Picknick, e Bidon mat Waasser, eng Kaap, a Sonnecrème mat. Optimal ass et wann der är Uniform a bequem Schong unditt. Mir sinn erëm Sonndes owes um 18h10 zréck op der Maartplaz zu Péiteng. Mellt Iech w.e.g. beim Alex (691 177 773) un. Den 12. Mee ass erëm eng ganz klassesch Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. Freet iech op eng speziell Iwwerraschung. Bis dann 🙂 Den 19 a 26 Mee ass keng Versammlung wéinst der Vakanz.

Fir d’Avex :

Samschdes de 5. Mee hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00. Mir schaffe weider un der Seefekescht. Bréngt en Helm mat, falls mer se testen. De Weekend vum 11-13 Mee hu mir eisen Hike-WE. Dir sollt iech och per SMS beim Fredi (621 472 510) umellen, Umeldeschluss ass de 5.05. Hei sinn déi läscht Infoen zum WE: Départ ass den 11.Mee um 19:00 zu  Kënzeg beim Scoutschalet. Deen ass vis-à-vis vum Fussballterrain bei der Spillplaz. Parkt w.e.g. um Parking beim Tennis Terrain. Retour ass den 13.05 um 14:30  zu  Kënzeg beim Scoutschalet. Et ass en Hike-WE, dat heescht mir wäerte bëssen (vill) trëppelen, huelt also net ze vill onnéideg Saache mat. Mir schlofen och dobaussen.

Fir matzehuelen:
Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen, Wanderschong (am beschte schonn undoe fir dohin), Uniform a Foulard (Hu mir och un wann mir ukommen), Gezei wat dem Wierder ugepasst ass, Sonnekap oder -hutt, Sonnecrème, Wäschsaachen (Zännbiischt, Seef), 1Kichenduch,  Carrymatt, Schlofsak, K-Way/Reenjackett, Bidon (min. 1L), Becher a Gamelle mat Besteck, Täscheluucht, Täschemesser, AvEx Pass, eventuell Ourestepp (fir wann een net gutt bei Geschnarchs schlofe kann), perséinlech Medikamenter , Fiche médicale (fannt der op lgspeiteng.com bei den Dokumenter), WICHTEG: Markéiert är Saachen, virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht! Wäertsaachen (Handy, Ipod, etc) a Séissegkeete bleiwen doheem! De WE kascht 20€, gitt dat zesumme mat der Fiche médicale beim Départ of. Den 19 Mee a 26 Mee ass keng Versammlung.

Fir d’Carapio :

Bis de 4. Mee kënnt der iech umelle fir eis nächst CaraPio Süden Aktivitéit: Mir ginn den 9. Juni Nomëttes op Stengefort an den Adventure Park (www.steinfort-adventure.lu). Maacht dëse Virement fir iech un ze mellen: 16€, Mentioun “Adventure [Numm vum CaraPio]”

De 4. Mee ass et och Zäit fir den 2. Acompte vun eisem Camp an Estland (17.-26. Juli). 100€, Mentioun “Estland 2 [Numm vum CaraPio]” Eise Konto ass: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

E Samschde 5. Mee hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Denkt drun dass de Grupp eise Summer Camp finanziell ënnerstëtzt, an déi Sue komme vun der Pabeiersammlung! Nomëttes gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Ënner anerem wiele mer eng Wanderung fir den 12. Mee. Är Aufgab ass bis dohin ee Wanderwee ze wiele mat folgende Critèren: e soll mam Zuch erreechbar sinn, e soll 20-25km wäit sinn an entweder am Krees goen oder bei enger anerer Gare ukommen. Benotzt dëse Link fir eng gutt Iwwersiicht ze gesinn: http://g-o.lu/3/KzE2 . Wann der e Wee uklickt gesitt der wéi laang en ass an dir kënnt iech lénks de Link opschreiwen, da kënne mer se an der Versammlung gutt vergläichen. E Samschden den 12. Mee gesi mer eis moies um 9:00 zu Péiteng op der Gare. Vun do fuere mer mam Zuch bis bei eise Wanderwee. Matbréngen: alles wat der braucht fir eng Wanderung, dorënner och Iessen, Gedrénks, eventuell Medikamenter, Zuchticket. Mir wëlle géint 19:00 nees zu Péiteng sinn. Den 19. a 26. Mee ass keng Versammlung.

Fir d’RaRo : 

De 5 an den 12 Mee hu mir normal Versammlung um Prenzebierg. Denkt och un Pabeiersammlung de 5 Mee. De Weekend vum 19-20 Mee maache mir en WE um Keltefestival Bealtaine, wou mer bei de Workshops mathëllefen. Détailer kommen do per SMS oder Facebook no .

Fir d’Albatrossen:

De Freiden 11 Mee ass Versammlung um 19h. Ditt aal Kleeder un a bréngt Schaffhändsche mat, mir maachen eis ronderëm de Chalet nëtzlech.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 5 Mee ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. E grousse Merci un Dech daats du kenns fir eise Grupp ze ënnerstëtzen. Alleng duerch d’Pabeiersammlung hu mir 70% vun eisen Einnamen fir 2017 gemaach. Des Suen erméiglechen eis d’Präisser vu Campingen a Weekender an engem soziale Beräich ze halen, an doduerch Member flott Erliefnesser ze bidden. Merci fir Däin Asaz.

 Fir d’Chef: Dënschdes, den 15 Mee ass Grupperot um 20h am Avexsall.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top