Infoziedel Juni 2018

Fir Iech alleguer :

Ӓr Meenung ass gefrot:

E Bilan maachen, d.h. d’Meenung an de Feedback vun eise Kanner/ Jugendleche froen, gehéiert fir eis zu all Weekend an Camping derzou fir eis kennen ze verbesseren. Elo wëlle mir dat nämmlecht mat den Elteren vun eise Memberen maachen. De Link fir eng kleng Ëmfro vun +-3 Minutten fannt dier an der Info-Mail oder dem Breif , deen dir gescheckt kritt. (Wann dir keen kritt hutt ,dann meld iech beim Claire.) Matmaache lount sech, wëll ënnert den Äntwerten gëtt en Gewënner verloust, deen en Bong vun 50€ vum Decathlon gewënnt. D’Emfro as op bis den 15. Juni 23:59h. (D’Gewënnspill ass just op fir Membere vun de Péitenger Guiden a Scouten. Membere vun der Chefekipp sinn ausgeschloss.)

Fir op de Kalenner: Mir invitéieren eis Memberen op de Virtrag “Vun Nord bis Süd”, de Samschden 30. Juni um 16 Auer zu Péiteng:

Den Oli Kerschen gouf fir e Joer zum Weltebummler. Mat just sengem Wanderruksak a Fotoapparat huet hien d’Welt op eege Fauscht duerchreest. Wéi campéiert ee wa Grizzlybieren am Bësch liewen? Wat mécht een op engem Vulkan wann ee keen Drénkwaasser méi huet? Mat fantastesche Geschichten an eenzegaartege Biller ass den Abenteurer nees zu Lëtzebuerg a steet eis Ried an Äntwert.

Fir d’Biber :

Hallo dir léif Biber, no eisem flotten Ausfluch an de Beetebuerger Park, geet eis Weltrees wieder, well et feelt nach 1 leschte Kontinent. Leider fält d’Versammlung vum 02. Juni aus. Dir wëllt awer onbedéngt wësse weie Kontinent mir nach net besicht hunn?? Dann kommt den 09.Juni vun 14h00 bis 16h00 op de Prënzebierg.  Wei all Joers gi mer och dëse Summer op de Camping, haalt iech den Datum scho mol fräi. Et ass vu Freides  20/07 bis  Méindes 23/07, weider Infoe kommen no!

Fir d’Wëllef :

Leider hu mir de Samschden 2. Juni keng Versammlung well net genuch Chef Zäit hunn. Mee duerfir hutt dir bestëmmt genuch Energie fir den 9. Juni an der Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg eng lass ze rappen! Mir freeën eis op Iech.  

Fir d’Avex :

Salut Avex, déi nächst zwee Samschdeger, den 2.06 an den 9.06, hunn mer normal Versammlung um Bierg vu 14:00-16:00. Zur Erënnerung: eise Camp ass vum 21.07-29.07 am Fënsterdall. Dir kennt iech ab elo umelle beim Fredi, per SMS um 621 472 510. Macht dat w.e.g. sou séier wei méiglech fir dat mir besser plange kënnen.

Fir d’Carapio :

Den 2. Juni hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes frësche mer vun 14:00-16:00 eis Scoutstricken op: Trépied bauen, Feier maachen, Orientatioun… wann iech en Thema besonneg interesséiert sot äre Chef mat Zäit bescheed.  De 6. Juni brauche mer den 3. Acompte vun eisem Camp an Estland (17.-26. Juli). 100€, Mentioun “Estland 3 [Numm vum CaraPio]” Eise Konto ass: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. Ufank Juli froe mer dann déi lescht 100€.
Den 9. Juni ass eis CaraPio Süden Visite vum Stengeforter Kloterpark (www.steinfort-adventure.lu). Fir déi déi ugemellt sinn ass de RDV um 12:30 zu Péiteng op der Gare. Mir huelen de Bus also bréngt är Schülerkaart mat. Ditt iech sportlech un, mä mat Foulard an dem Wieder ugepasst. Bréngt Waasser an e Snack mat. De Retour ass um 18:35h.

Fir d’RaRo : 

De Samschden 2. Juni hu mir leider keng Versammlung. De Samschden 9. Juni hu mer erëm normal Versammlung um Prenzebierg. Kuckt och bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter „. Zum Summercamp: All RaRo an Albatrossen déi um Camping an Italien deelhuelen, treffen sech de 16. Juni um 16:30h um Bierg fir di lescht Details ze klären.

Fir d’Albatrossen:

Opgepasst , Freides den 8 Juni ass keng Versammlung. Dofir gi mir de Samschden 9 Juni een Trëppeltour an de Mëllerdall zu Beefort maachen (13km). Dofir treffe mir eis um 17h bei der Ecosider. Mellt Iech w.e.g. beim Christelle un. Zum Summercamp: All RaRo an Albatrossen déi um Camping an Italien deelhuelen, treffen sech de 16. Juni um 16:30h um Bierg fir di lescht Details ze klären. Kuckt och bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter „.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 2 Juni ass Pabeiersammlung.

Opgepasst: De Rdv ass um 8:30h um ale Site vun der Ecosider, do wou och eis Container stinn!  E grousse Merci un Dech daats Du hëllefe kenns fir de Grupp ze ënnerstëtzen.

Fir d’Chef :

Dënschdes , den 12 Juni ass Grupperot um 20h am Avexsall.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top