Fir Iech alleguer :
Invitatioun fir d’Buergbrennen:
Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.
Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 9 Mäerz. De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
Fir d’Biber :
De Samschden 9 Mäerz hunn mer Buergbrennen (kuckt bei „Fir Iech alleguer“), mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt. De Samschde 16ten Mäerz hunn mir normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.
Fir d’Wëllef :
Merci fir ären Asaz beim Theater, ouni Iech wär et nëmmen hallef esou flott gewiescht J De Samschden 9 Mäerz hunn mer Buergbrennen; mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt. De Samschden drop de 16ten Mäerz hunn mer erëm normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.
Fir d’Avex :
Den 9 Mäerz ass Buergbrennen, do gesi mer eis um 15°° um Bierg, a mir bleiwen do bis d’Buerg brennt. Samschdes de 16. Mäerz hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00.
Fir op de Kalenner: Mir hunn e Weekend vum 26.04-28.04. Eise Camp ass dëst Joer vum 20.-30. Juli.
Fir d’Carapio :
De Samschden den 9 Mäerz ass Buergbrennen. Kuckt do bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen eis Buerg opzeriichten. Di Woch drop , den 16ten Mäerz ass moies Pabeiersammlung a mëttes hunn mer normal Versammlung vu 14-16h, bréngt do w.e.g. Pläng mat fir eist Hochbeet ze baue fir dat mer ufänke kennen.
Fir d’RaRo :
De Samschden den 9 Mäerz ass Buergbrennen. Kuckt do bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen eis Buerg opzeriichten. Di Woch drop , den 16ten Mäerz ass moies Pabeiersammlung an nomëttes riichte mer alles fir d’RaRo-Wantergrillen op.
Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter
De Mëttwoch 6 Mäerz richten mer d’Bühn of. Rdv um 18h am Home St Hubert. Mir brauchen do wierklech nach e puer Hänn!
De Samschdes den 9 Mäerz riichten mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbrengen: Schaffhändschen an gutt Laun J
De Samschden 16 Mäerz ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um aalen Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)