Programm vun der Guilde: Mee-Juni 2019


Sam. 18.05.: Feier zu 100 Joer Scoutismus

De Samschden 18 Mee feieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten am ganze Land hiren 100ten Gebuertsdag. Dofir ginn op 3 Plaze Feierlechkeeten organiséiert. Dir sidd häerzlech invitéiert mat der ganzer Famill vun 10h00-18h00 op Esch/Belval bei d’Héichiewen kucken ze kommen. Do kann een flott Spiller a Workshops maachen, an natierlech och eppes Guddes iessen an drénken. Eise Grupp wäert mathëllefen a freet sech op äre Besuch.


Sam. 26.05. : Trëppeltour
iwwert den Hierchtbierg
Rendez-vous um 14 :00 h um Parking niewent der Kierch (rue Gillardin).


07. – 11.06. : Kandersteg

10 Persoune sinn ugemellt.


Mëtt. 12.06.: Keelenowend mat Agape
am Café Muller zu Lampech
Ufank schon um 19 :00 Auer. Um Menü : Haam, Fritten an Zalot.
Umelldung beim Martine Schloettert ! (Nummer um Enn vum Ziedel)


Sam. 15.06.: Chaletfest zu Rodange

Rodanger Guiden a Scouten féieren hiert jäerlech Chaletfest, bei deem mir häerzlech wëllkomm sinn. Eisen Grupp hëlleft ab 14 :00 h an verkeeft op engem Stand Kaffi a Kuch.
Adress: Rue de la Minière, 4772 Rodange


Son. 16.06. : Traditionell Sortie op Bilschdrëf
op d’Guiden /Scoutskiermes
Rendez-vous um 10 :00 h zu Péiteng hannert Rousen oder um 10.55 h zu Bilschdrëf beim Relais de l’Amitié.
11 :00 Auer : Scoutsmass um Terrain, dono Apéritif. Mëttesiessen um 12 :00 Auer à 23,00 EUR.
Menü : Zopp, Kallefsbrëschtchen mat Speckgromperen a Geméis, Dessert.
Umelldungen beim Martine Schlottert (Nummer um Enn vum Ziedel) bis den Don. 06.06.


Son. 23.06.: Nationalféierdag

Rendez-vous um 10.15 Auer beim Centre de Loisir zu Lamadelaine fir beim Cortège matzegoen.
Ab 10.00 Auer riicht den Grupp zu Péiteng am Park hannert dem Gemengenhaus Spiller an Aktivitéiten fir dës Feierlechkeeten op. All Hëllef ass wëllkomm.


Mon. 24.06.: Comité.

Um 20:00 h am Home.


Son. 14.07. : Grillfest um Kuebecherhaff

Um Menü ass Fierkel um Spiess. Fir den Prais kennen festzeléen, brauchen mir déi genëee Unzuel vun Persounen. Dofir ass eng Umelldung bis den 01.07. beim Martine Schloettert noutwendeg. Détailler kritt dir op eisem nächsten Ziedel.

Fir d’Umelldungen :
Martine Schlottert
TEL. : 50 32 71
GSM. : 621 414 040
Mail : didier.martine@education.lu

Mat beschten Scoutsgréiss,
äre Comité.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top